Zu Lëtzebuerg sinn d’Gemengewalen all sechs Joer. Fir drun deelhuelen ze kënnen, muss een*t sech an d’Wielerlëscht androe loossen. Als Awunner*in ouni Lëtzebuerger Nationalitéit, musst dir d’Aschreiwung bei ärer Gemeng ufroen, entweder op der Plaz selwer, oder duerch eng online Demande.
De leschten Delai fir d’Aschreiwung fir bei den nächste Gemengewale wielen ze kënnen ass Méindeg, den 18. Abrëll 2023 um 17 Auer.
Wëlls du eng gréng an inklusiv Gemeng mat héijer Liewensqualitéit a besserer Mobilitéit? Da schreif dech fir d’Gemengewalen den 11. Juni 2023 an!
D’Liewensqualitéit vun enger Gemeng gëtt dacks vun de politeschen Decisiounen déi do geholl gi bestëmmt. Doduerch dass ee bei de Gemengewalen eng Stëmm ofgëtt, kann een also konkret Afloss op dëst Liewensëmfeld huelen.
Integratioun steet säit jeehier am Mëttelpunkt vun der grénger Politik. Dir deelt eis Wäerter a wëllt iech engagéieren? Da gitt Member an triet der grénger Partei bäi.
Déi rezent Ännerung am Walgesetz erliichtert de Bierger*innen ouni Lëtzebuerger Nationalitéit d’Deelhuelen un den nächste Gemengewalen, déi den 11. Juni 2023 wäerte sinn.*
Déi wichtegst Ännerunge sinn:
* D’Gesetzännerung gouf den 13. Juli 2022 an der Chamber gestëmmt an trëtt viraussiichtlech virum Hierscht a Kraaft.