Actualité

Agenda

3Sep

16:00

SAVE THE DATE

déi gréng op der Fouer

Fouer

Gréng op der Fouer – 03.09.2026 ab 18h (Apéro) an um 20h Iessen.

Mellt iech fir d’Iessen w.e.g. per Mail u greng@greng.lu un. Weider Infos komme no. 

7Sep

8-17:00

déi gréng Stad Lëtzebuerg

Stand op der Braderie an der Stad

Stad Lëtzebuerg

12Sep

9:30 - 18:00

SAVE THE DATE

Gréng Rentrée

Géisserei zu Weimerskierch (5 Rue Munchen-Tesch, 2173, Weimerskirch, Luxembourg)

Als Partei a politesche Grupp an der Chamber luede mir iech gären häerzlechst op eis gréng Rentrée – Summerfest & Akademie den 12. September an. Dat Ganzt fënnt nees an der Géisserei zu Weimerskierch statt (5 Rue Munchen-Tesch, 2173, Weimerskirch, Luxembourg) vun 9h30 Moies bis 17h Owes.

Moies notze mir d’Zäit gären fir mat eiser Parteibasis, also IECH, flott Atelieren ze maachen zu interessanten Themen déi der Partei wichteg sinn. A Mëttes fënnt dann e Fest am klasseschen Sënn statt mat Iessen, Drénken an Entertainment fir Jonk an Al!

Moiesprogramm – Akademie (9h30-12h):

Ab 9h30 ginn d’Dieren op, et gëtt eng Mëtsch a Kaffi an um 10 Auer geet eis gréng Akademie op, wou dir tëscht 4 Atelieren kënnt wielen:

1. Atelier: déi gréng an d’Rechter vun de Salariéeën – Aktuell Erausfuerderungen um Aarbechtsmaart an am Sozialdialog, organiséiert vum GT Soziales an der Chambre des salariés (CSL)

2. Atelier:  Virtrag mat Q&A vum Dr. Claude Ewert (Uni.lu): «Von einer bipolaren zu einer multipolaren Weltordnung: Was bleibt von/für Europa?» organiséiert vun Zukunft Denken (ancien Gréng Stëftung)

3. Atelier: Schreif- a Presentatiounsatelier mam Bob Reinert vu FLUXUS – locker Schreifübungen, spannend Tricker fir e roude Fuedem ze schafen, passend Kierpersprooch & Gestik, Stëmm an Intonatioun an déi richteg Akzenter op déi richteg Plaz setzen.

4. Atelier: Philosopheschen Atelier mam Nora Schleich & Charel Margue iwwert de Sënn an Zweck vu gesellschaftlechem Engagement an der heiteger Welt.

Mëttesprogramm – Summerfest (12h30-17h)

Ab 12h30 hunn eis Gäscht d’Méiglechkeet bei engem vun 2 Foodtrucks z’iessen. E Gedrénks- an e Glacestand sinn natierlech och do. De ganze Mëtten iwwer ass fir e flotten Entertainment Programm fir all Alter gesuergt mat:

  • Sprangschlass
  • Face-Painting
  • Geschichten vun der Geschichtenerzielerin Melissa (Muriel Nossem)
  • Musék vum Blue-ish
  • Kleedertauschatelier by déi jonk gréng (bréngt Kleeder mat!)
  • Beerpong
  • Corn-Hole& more

Gréng Membere kruten d’Umeldung per Mail geschéckt.

Bréngt och gären är Famill, Kolleegen a gréng Sympathisant*innen mat. Jiddereen*t ass häerzlech wëllkomm!

Le groupe déi gréng

déi gréng à la Chambre des député.e.s »

Devenez membre

Inscrivez-vous

Soutenez-nous

Faites un don