Aktualitéit

Agenda

11Oct

14-17:00

déi gréng Steesel

Tauschmaart mat Repair Corner

Centre de loisirs Nobert Melcher (rue de l’Alzette, L-7305 Steinsel)

🇱🇺 D‘Kreeslafwirtschaft erliewen

Hutt Dir Géigestänn, déi Dir net méi braucht, mee déi ze schued fir wechzegeheie sinn? 

Sidd Dir op der Sich no Second Hand Saachen?

Da kommt op eisen Tauschmaart, organiséiert vun déi gréng Steesel. 

Hei kënnt Dir Är Saachen tauschen oder einfach verschenken an 

Dir fannt vläicht selwer en neit Lieblingsstéck.

Repair Corner: Dir hutt futtist Geschier (z.B. Elektrogeräter, Kleeder asw.)? 

Da bréngt eis et laanscht, mir kucken, ob mer et flécke kënnen.

 

🇫🇷 MARCHÉ D’ÉCHANGE À STEINSEL AVEC COIN DES RÉPARATIONS

FAIRE VIVRE L’ÉCONOMIE CIRCULAIRE

Avez-vous des articles dont vous n’avez plus besoin, mais qui sont trop bons pour être jetés ?

Êtes-vous à la recherche d’objets de seconde main ?

Alors venez à notre marché d’échange, organisé par déi gréng Steesel. Vous pouvez y échanger des objets et vous trouverez peut-être vous-même un nouvel objet favori.

Le coin des réparations : vous avez des objets cassés (par exemple des appareils électriques, des vêtements, etc.) ? Apportez-les-nous et nous verrons si nous pouvons les réparer.

 

🇬🇧 BRING-AND-SWAP MARKET IN STEINSEL WITH REPAIR CORNER

WORKING TOWARDS CIRCULAR ECONOMY 

Do you have items that you no longer need but that you don’t want to throw away?

Are you looking for second-hand items?

Then come to our swap market, organised by déi gréng Steesel. Here you can swap things or simply give them away and you might even find a new favourite item yourself.

Repair Corner: Do you have broken items (e.g. electric devices, clothes, etc.)? Bring them by, and we’ll see if we can fix them.

 

Sonndes | Dimanche | Sunday​​

11.10.2026 | 14.00-17.00h

Centre de loisirs Nobert Melcher

rue de l’Alzette, L-7305 Steinsel

11Oct

10:30

déi gréng Déifferdeng

De Grénge Mann- Geheimnisser aus dem Bësch

Fond-de-Gras

Kommt mat op eng spannend Entdeckungsrees duerch de Bësch mam Grénge Mann, dem Lex Gillen!

Hien erzielt eis Legenden, Mythen a Geheimnisser aus der Natur, weist eis d’Besonderheete vu verschiddene Beem an Heelplanzen a léisst eis de Bësch mat ganz aneren Aen entdecken. 

An natierlech däerf och seng bekannte Wëllkraiderzopp, déi hien am Bësch preparéiert, net feelen. 

Sonndes | Dimanche | Sunday​​ 

11.10.2026 | 10h30 | Dauer: ca. 90 Minutten

Fond-de-Gras | Mam Grénge Mann – Lex Gillen

Eng flott Aktivitéit fir Natur, Geschichten an e bëssen Magie vum Bësch zesummen ze entdecken. 

Mir freeën eis op iech.

Umeldung: deifferdeng@greng.lu

14Oct

19:00

déi gréng Nordstad

Diskussiounsowender Nordstad

Als Gréng Nordstad fanne mer, datt déi lescht Joren zwar vill vun enger méiglecher Nordstadfusioun Rieds war, mä d‘Diskussioun net vill mat de Leit doriwwer gesicht gouf. Ee Joer virum Referendum wëlle mir dat elo änneren a komme bei iech.

Mir wëllen iech opweisen, wou d‘Iddi vun der Nordstad hierkënnt, wéi a wou d‘Gemengen haut schonn zesummeschaffen a wisou mir als Gréng der Iwwerzeegung sinn, datt d‘Fusioun eis all weiderbrénge wäert. Dobäi wäerte mir awer net iwwer Infrastrukturprojete schwätzen, net just well déi gréisstendeels nach net virgestallt goufen, mä och well mir mengen, datt et wichteg ass déi fundamental Grënn an Iwwerleeungen hannert der Fusioun ze kennen an ze verstoen.

No eiser Presentatioun, déi mer zäitlech op héchstens 1 Stonn limitéieren, bleift duerno nach genuch Zäit fir iwwer är Froen a Remarquen ze diskutéieren.

 

14. Oktober – Ettelbréck, Däichhal – 19h00

20. Oktober – Schieren, Al Schoul – 19h00

21. Oktober – Diekirch, Grondschoul – 19h00

28. Oktober – Biirden, A Maesch – 19h00

De grénge Grupp

déi Gréng an der Chamber »

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don