Agenda

De grénge Kalenner

Geschwënn

4Dec

10:30

Formatioun

Content Creation – mam Smartphone gutt Fotoë maachen a verwäerten

Fraktioun

Op de Social Media Plattforme ass et wichteg, interessante Contenu ze posten. Dofir brauch ee gutt Fotoen a Biller. An dëser Formatioun léiert dir, wéi ee gutt Fotoe mam Smartphone mécht a wéi een déi editéiere kann. Eng kleng Basis vum Grafik Design a vun der grénger Coroporate Identity kritt dir och erkläert. Dës Formatioun ass als praktesche Workshop mat Bléck op de Gemengewalkampf geduercht, an als Suivi vun de Tutorials-Videoen, déi dir online fannt. Hei klicken. De Formateur ass den Alex Carvalho, Fotograf, Videograf a Content Creator vun der Partei.

Dir kënnt iech via de Formulaire op eisem Internetsite umellen: déi gréng (greng.lu) 

De komplette Formatiounsprogramm fannt dir hei: Formatiounsprogramm-Hierscht-Wanter-2021-2022.pdf (greng.lu)

9Dec

18:30

Formatioun

Klimaschutz an nohalteg Energieversuergung

FNEL

Wat sinn d’wëssenschaftlech Grondlage vun der aktueller Klimakris? Wat sinn déi gréissten Erausfuerderungen a firwat? Wat maache mir um politesche Plang dergéint a wat sinn eis Ziler an
Instrumenter? Wat hu mir an der Regierung schonns ëmgesat? D’Formatioun ass an zwee Deeler opgedeelt: de wëssenschafleche Volet an de politesche Volet. Hei kréien d’Leit fir d’éischt déi wëssenschaftlech Fakten am Bezuch zum Klimawandel. An engem zweeten Deel wëlle mir erklären, wat déi grouss politesch Zilsetzunge sinn, a wat fir eng politesch Instrumenter et géint de Klimawandel gëtt, sou wuel um lokale, nationale wéi och um internationalen Niveau. Den Haaptakzent gëtt op de lokalen a nationalen Niveau zu Lëtzebuerg geluecht, a mir wëllen och op déi Instrumenter besonnesch agoen, déi mir an der Regierung ëmgesat hunn. Eis Formatrice fir de wëssenschaftleche Volet ass d’Jessie Thill, gréng Schäffin zu Walfer an diploméiert an Ëmweltphysik. Ëm de politesche Volet këmmert sech d’Sarah Jacobs, Fraktiounsmataarbechterin, wat um Klima- an Ëmweltdossier schafft.

Dir kënnt iech via de Formulaire op eisem Internetsite umellen: déi gréng (greng.lu) 

De komplette Formatiounsprogramm fannt dir hei: Formatiounsprogramm-Hierscht-Wanter-2021-2022.pdf (greng.lu)

D’Formatioun fënnt an der FNEL statt (61A, route de Trèves, L-2630 Luxembourg).

12Dec

15:00

Austausch a Visitt am Musée

Visitt guidée vun der Ausstellung “Gleef dat net”

Lëtzebuerg City Museum

Zënter dem Ausbroch vun der Covid-19 Pandemie an de sanitäre Moossnamen, sinn immens vill Verschwörungstheorien zirkuléiert an zu engem dominanten Thema ginn. “Alternativ” Internet
Medien a Gruppen op de soziale Medien manipuléiren ëmmer méi Leit. Verschwörungstheorië sinn awer kee neit Phänomen. Si erschéngen ëmmer erëm an der mënschlecher Geschicht. Dës Ausstellung ënnersicht d’Urspréng, d’Funktionalitéit an d’Verbreedung vu Verschwörungstheorien.

Dir kënnt iech via de Formulaire op eisem Internetsite umellen: déi gréng (greng.lu) 

De komplette Formatiounsprogramm fannt dir hei: Formatiounsprogramm-Hierscht-Wanter-2021-2022.pdf (greng.lu)

D’Ausstellung ass am Lëtzbuerg City Museum (14 Rue du St Esprit, 1475 Luxembourg).

15Dec

19:00

Versammlung | Réunion

Comité exécutif

Réunion pour les membres du comité exécutif du parti déi gréng

5Jan

19:00

Formatioun

Déi nei gréng Internetsäiten benotzen

Fraktioun

Am Hierscht 2021 kréien d‘Lokalsektiounen vun der Partei nei Internetsäiten. An dëser Formatioun kréien déi zoustänneg Membere vun de Lokalsektiounen dat néidegt Wësse fir déi nei Internetsäiten ze notzen vermëttelt: Wéi sinn eis nei Internetsäiten vun de Lokalsektiounen opgebaut a wéi fonktionnéieren se? Wéi schaffen ech mat WordPress? Wéi eng Inhalter soll ech op den Internetsiten ënner wéi enger Form uweisen? D’Formateure sinn de Stéphane Majerus an de Pit Bouché, Mataarbechter vum Parteisekretariat.

Dir kënnt iech via de Formulaire op eisem Internetsite umellen: déi gréng (greng.lu) 

De komplette Formatiounsprogramm fannt dir hei: Formatiounsprogramm-Hierscht-Wanter-2021-2022.pdf (greng.lu)

Erlaanscht

11Feb

19:30

Online-Diskussiounsowend

Eng sécher N7 vum Fridhaff op Wäiswampech

ONLINE

déi gréng Norden invitéieren op en Online-Diskussiounsowend

D’Route nationale 7 (N7) verbënnt zënter ronn 40 Joren den Norde vum Land mat der Nordstad. No joerzéngtelaangen Debatte ronderëm d’Sécherheet an dee villen Trafic, mécht de grénge Mobilitéitsminister François Bausch elo Neel mat Käpp an huet der Chamber e konkrete Finanzéierungsprojet proposéiert.

Wat gëtt gemaach, fir d’Sécherheet an de Verkéiersfloss op der N7 ze verbesseren? Wéi gëtt fir eng Verkéiersberouegung an den Dierfer gesuergt? Wéi reie sech dës konkret Projeten an eis landesplaneresch a multimodal Visioun fir den Norden an?

 

Stellt är Froen an diskutéiert:

  • mat der Nord-Deputéiert Stéphanie Empain
  • dem Vize-Premier a Mobilitéitsminister François Bausch
  • an dem Energie- a Landesplanungsminister Claude Turmes

 

Facebook Event Online-Diskussioun 11.02.2021

 

Dir kënnt Är Froen och elo scho via Mail op greng@greng.lu eraschécken!

Oder Dir stellt Är Froen live op Zoom oder Facebook wärend der Diskussioun.

20Mar

10:00

Kongress | Congrès

Gréngen digitale Kongress 2021

Online

Och 2021 hale mir en digitale Kongress of.
Weider Informatiounen

30Mar

19:00

Versammlung | Réunion

Comité exécutif

Online

Réunion pour les membres du comité exécutif du parti déi gréng

26Apr

19:00

Online-Diskussiounsowend

Ginn ouni Cattenom d’Luuchten aus?

ONLINE

An Europa leeft en hëtzegen Debat iwwert d’Zukunft vun eiser Energiepolitik. Et gëtt behaapt, d’Atomkraaft misst ausgebaut ginn, fir d‘Klima ze retten an eis Stroum-versuergung ze garantéieren.

Zum 35. Joresdag vun der Atomkatastroph vun Tschernobyl invitéieren déi gréng op en Online-Diskussiounsowend: Ginn ouni Cattenom d’Luuchten aus?

● mam Parteipresident Meris Sehovic
● dem Deputéierten François Benoy
● der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg
● an dem Energie- a Landesplanungsminister Claude Turmes

Dir kënnt eis deen Owend är Froen stellen oder matdiskutéieren iwwert den Ëmwelt- a Klimaimpakt vun der Atomenergie, eis konkret Efforte fir Cattenom ofzeschalten, an d’Energie vun der Zukunft!

De Livestream gëtt iwwer Zoom an op eiser Facebook Saït iwwerdroen.

Froen am Virfeld: Dir kënnt Är Froen och elo am Virfeld via Mail op froen@greng.lu eraginn.

10May

19:00

Versammlung | Réunion

Comité exécutif

Réunion pour les membres du comité exécutif du parti déi gréng

9Jun

19:00

Versammlung | Réunion

Comité exécutif

Réunion pour les membres du comité exécutif du parti déi gréng

13Jul

19:00

Versammlung | Réunion

Comité exécutif

Réunion pour les membres du comité exécutif du parti déi gréng

20Sep

19:00

Versammlung | Réunion

Comité exécutif

Réunion pour les membres du comité exécutif du parti déi gréng

7Oct

19:00

Formatioun

Reunioune gutt leeden an Diskussioune gutt moderéieren

Fraktioun

 En Donneschdeg, de 7. Oktober um 19 Auer fënnt am Kader vun eisem Grénge Campus schonn déi nächst Formatioun statt.

Reuniounen ofhalen, esou, datt engersäits Resultater dobäi erauskommen an anerersäits jiddereen:t d’Gefill huet agebonn ze sinn, ass net esou einfach. Dëst hänkt vill vun enger gudder Moderatioun of. Vill Membere sinn duerch hiert d’Mandat dozou ugehalen eng Diskussioun ze leeden, sief et fir eng Versammlung vun enger Lokalsektioun oder nach fir e Groupe de Travail (GT). Sie wëlle mir mat e puer Rotschléi ënnerstëtzen: Wéi preparéiert een eng Reunioun? Wéi kritt een eng Diskussioun animéiert? Wéi moderéiert een eng Versammlung esou, datt e gutt Resultat dobäi erauskënnt? Wéi assuréiert een de néidege Suivi?

Dës Formatioun ass fir Debutant a gett vum Djuna Bernard gehalen, Parteipräsidentin, a gréng Deputéierten. Hatt muss duerch säi Mandat oft Reunioune leeden a wäert probéieren iech puer Tipps ze ginn an är Froen ze beäntwerten.

D’Formatioun fënnt an der Fraktioun statt.

Dir kënnt iech via de Formulaire op eisem Internetsite umellen: déi gréng (greng.lu) 

De komplette Formatiounsprogramm fannt dir hei: Formatiounsprogramm-Hierscht-Wanter-2021-2022.pdf (greng.lu)

 

20Oct

19:30

Invitatioun Infoowend

Klimapakt 2.0, Naturpakt an Null Offall-Strategie

Rolleng

déi gréng Péiteng invitéieren iech häerzlech op en Infoowend mat der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Carole Dieschbourg.

20.10.2021 | 19:30
Centre de Loisirs
Grousswiss
L-4875 Lamadelaine

FR | déi gréng Péiteng vous invitent cordialement à une soirée d’information en présence de la  Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable, Carole Dieschbourg.

Une traduction vers le français est assurée.

Invitatioun | Invitation

Link Facebook Event

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don