Groupe Parlementaire

déi Gréng an der Chamber

9 + 1 = 10

D’Josée Lorsché (Presidentin), de François Benoy (Vizepresident), d’Semiray Ahmedova, d’Djuna Bernard, d’Stéphanie Empain, d’Chantal Gary, de Marc Hansen, de Charles Margue an d’Jessie Thill sinn eis 9 Representanten an der Chambre des Député-e-s. Zousätzlech hu mir eng Deputéiert am Europaparlament, d’Tilly Metz. Sie schafft zwar haaptsächlech zu Bréissel an zu Stroossbuerg, ass awer en essentiele Bestanddeel vum groupe parlementaire.

Eis Deputéiert bedeelege sech aktiv, wärend de Sëtzungen an den Debatten an der Chamber, un der parlamentarescher Aarbecht an den verschiddene parlamentaresche Kommissiounen, andeems si Stellungnamen, Gesetzespropositiounen, Motiounen a Resolutiounen ausschaffen.

Obwuel se d’Recht op Autonomie am Kader vu sengen Initiativen huet, ass d’parlamentaresch Fraktioun der Partei géigeniwwer responsabel a muss sech un déi festgeluechte politesch Richtlinnen halen. Sie muss den Comité exécutif reegelméisseg iwwert hier Aktivitéiten informéieren an d’Virschléi vum Comité berécksiichtegen.

D’Deputéiert kënnen eng vun der Fraktioun ënnerschiddlech Positioun vertriede, sou laang dës net an Kontradiktioun mat der Grondsazerklärung steet.



Josée Lorsché
Fraktiounspresidentin
Éischt Schäffin an der Gemeng Beetebuerg
Weider Infos >
François Benoy
Vize-Fraktiounspresident
Gemengerot an der Stad Lëtzebuerg
Weider Infos >
Djuna Bernard
Députéiert
Parteipresidentin
Weider Infos >
Stéphanie Empain
Deputéiert
Weider Infos >
Marc Hansen
Deputéierten
Weider Infos >
Charel Margue
Deputéierten
Weider Infos >
Semiray Ahmedova
Deputéiert
Gemengeréitin zu Diddeleng
Weider Infos >
Chantal Gary
Deputéiert
Weider Infos >
Jessie Thill
Deputéiert
Schäffin an der Gemeng Walfer
Weider Infos >
Tilly Metz
Europadéputéiert
Weider Infos >

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don