Djuna Bernard & Meris Sehovic, Präsident:inne vun déi gréng
De Comité Executif dirigéiert d’Partei. En ass dofir zoustänneg d’Entscheedunge vum Kongress ëmzesetzen a këmmert sech em d’thematesch Preparatioune fir de Kongress.
Seng Memberen: Djuna Bernard (Presidentin), Meris Sehovic (President), Serge Faber (Tresorier), Jeff Bauer, Georges Biever, David Crowther, Gaby Damjanovic, Stephen De Ron, Nora Forgiarini, Martine Geimer, Nicole Ikuku, Bob Lessel, Mike Mathias, Claudie Reyland, Adèle Schaaf-Haas, Jessie Thill, Carole Zeimetz, Paul Zens, sou wéi de François Bausch an d’Sam Tanson (2 Representante vun de grénge Ministeren), Josée Lorsché an de François Benoy (2 Representante vun den gréngen Deputéierten), Yves Wagener (e Representant vun de Conseillers d’état), Amy Winandy & Fabricio Costa (d’Porte-Parole vun déi jonk gréng). (25 Memberen)
De Serge Faber, eisen Tresorier, reegelt d’zentral Finanze vun der Partei am Kader vum annuelle Budget.
De Bureau Executif assuréiert d’technesch an organisatoresch Gestioun vun der Partei.
Seng Memberen: Djuna Bernard (Presidentin), Meris Sehovic (President), Serge Faber (Tresorier), Josée Lorsché (Fraktioun).
De Parteirot gëtt am Kader vu wichtegen Decisioune consultéiert.
Seng Memberen: All d’Membere vun der Partei sinn op d’Reunioune vum Parteirot agelueden.
De Kongress, dat iewescht Organ vun der Partei. En definéiert déi politesch a strategesch Orientéierunge vun der Partei a wielt d’Membere vun de verschiddenen Organer.
Seng Memberen: All d’Membere vun der Partei kennen deelhuelen an hiert Recht ze wielen ausüben.
D’Kontrollkommissioun ass d’Kontrollorgan a Statuts- a Finanzugeleeënheeten sou wéi de Conciliatiounsorgan vun der Partei.
Seng Memberen: Daniel Back, Marianne Beissel, Robert Rings, Josée-Anne Siebenaler-Thill.
D’Missioun vum Genderrot ass d’Fuerderung vun der gläichberechtegter Bedeelegung vu Fraen a Männer an der Politik, der Wirtschaft an der Gesellschaft. E setzt sech géint all Aart vun Diskriminatioun opgrond vun dem Geschlecht an.
Seng Memberen: Djuna Bernard (Presidentin), Chantal Gary (Deputéiert a Member an der Commission de l’Égalité entre les femmes et les hommes), Jessie Thill (Deputéiert a Member an der Commission de l’Égalité entre les femmes et les hommes), Gaby Damjanovic, Joana Domingues De Matos, Kris Hansen, Paul Zens.
De Gemengerotsgrupp representéiert déi lokal Gewielte vun déi gréng a befaasst sech mat aktuelle gemengepoliteschen Thematiken.