Viviane Loschetter zum Regierungsprogramm

Archive

9. Januar 2014

Dem Viviane Loschetter seng Ried zum Regierungsprogramm

(PDF en annexe) Mme Viviane Loschetter (déi gréng).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ons nei Regierung trëtt un an enger Konstellatioun, wéi et se nach ni zu Lëtzebuerg ginn ass. Et trëtt domadder eng Équipe mat vill Engagement un – hire Programm stellt eng enorm Erausfuerderung – an dat besonnesch an dëse schwieregen Zäiten, net nëmmen an onsem Land, mä och an Europa.

 

Mir liewen elo an Zäiten, wou d’Bierger an d’Biergerinne sech Froe stellen, wéi et weidergeet a wat d’Zukunft brénge wäert. Froen, op déi och d’Politik keng Äntwert dierf schëlleg bleiwen. Wat brauch ons Gesellschaft? A wat brauch all eenzelne Bierger a Biergerin, egal ob al oder jonk, ob Lëtzebuerger oder net, ob räich oder aarm, ob Single oder bestuet, fir seng Zukunft ze gestalten?

 

Wéi solle mer ons organiséieren oder, besser gesot, nei organiséieren, fir datt eis Gesellschaft méi sozial a gerecht gëtt? Eng Gesellschaft, wou Chancëgläichheet keen eidelt Wuert ass. Wéi musse mer ons opstellen, fir datt mer onse Kanner, onsen Enkelen an allen nächste Generatiounen eng liewenswäert Welt hannerloossen? Eng Gesellschaft, wou mer oppassen, wat mer haut maachen, wéi mer liewen, fir datt muer an iwwermuer d’Méiglechkeeten zur Liewensgestaltung gräifbar bleiwen. Wéi kënne mer hei an onsem Land derfir suergen, datt dee grousse Projet vun engem friddlechen, solidareschen Europa ouni Grenze weidergefouert gëtt? A wat kënne mer géint den Euro-Pessimismus maachen?

 

Dës einfach Froestellung ass net nei am politesche Liewen, mä se kritt haut eng aner Dimensioun, där kee sech méi entzéie kann. D’Verhandlungsdelegatioune vun deenen dräi Regierungsparteien hu sech deene Froen och net entzunn, an déi 202 Säite vum Regierungsprogramm bréngen Äntwerten. Mat Sécherheet wäerte mer an dësem Land nach vill kontrovers diskutéieren iwwert de Wee, fir ons gemeinsam Ziler ze erreechen. Mir wäerten och sécherlech net ëmmer enger Meenung sinn, an de Cas de figure, dee mer heibannen heiansdo kennen, nämlech dee vu Majoritéit/Oppositioun wäert sech munchmol erëmfannen.

 

Mä, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, mir sinn iwwerzeegt, datt mir zesumme Léisungen zu de groussen Erausfuerderunge vun den nächste fënnef Joer kënne fannen, sief et an der Ausgestaltung vun Ziler, wéi och de Wee bis dohinner.

 

Kontinuitéit ass e wichtege Facteur, ouni dee bestëmmte Politike mëttel- a laangfristeg net kënne gräifen. Nei Akzenter an de Kontinuitéitspolitike wäerte gesat ginn, fir méi séier a méi gerecht ze handelen an zu engem gräifbaren Zil ze kommen. A ville Gesellschaftsfroe wäert dës Majoritéit duerch eng manner konservativ Approche nei Weeër aschloen, an dës Majoritéit wäert och vill Mesuren, oder eng Rei Mesuren a Fro stellen, déi allefalls enger Ideologie entsprach hunn, déi sozial genannt goufen, mä net ëmmer sozial gerecht sinn.

 

Mir wënschen ons als gréng Fraktioun, datt all ons Debatten déi nächst fënnef Joer heibanne mat der Oppositioun esou beräichernd a konstruktiv wäerte stattfannen, wéi mir et selwer gewinnt waren, wéi mir an der Oppositioun waren. Mir denken och, datt dëst Land eng fair Ausernanersetzung vun der Politik verdéngt huet.

 

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, de grénge Wahlprogramm ass net de Koalitiounsaccord, mä de Koalitiounsaccord ass absolut gréng kompatibel. Net nëmmen, wéi ech gelies hunn, euphoresch gréng Memberen hunn deem zougestëmmt, mä och nawell eng ganz Rei vu kritesche bis ganz kritesche Memberen, bei ons heescht dat „Fundien?, hunn dësem Accord zougestëmmt, à l’unanimité! Dat ass onse Bäitrag zur blo-rout-grénger Basis.

 

Wat mir ons virgeholl hunn, dat stëmmt. Et gëllt elo dëse Programm ëmzesetzen, mat sengen diversen Approchë vu Kontinuitéit bis Neiufank.

 

Mir sinn, Dir Dammen an Dir Hären, als gréng Fraktioun immens zefridden iwwert déi nei Form vu Gouvernance, déi dës Regierung adoptéiert huet. An erlaabt mer just nach eng Kéier op e Virriedner vun de Moien aus der CSV zréckzekommen an eng kleng Korrektur dran ze bréngen. Mir schwätzen net vun engem Renouveau vun der Demokratie. Dat ass iwwerhaapt net méiglech. D’Demokratie ass en onantastbaart Recht. Mir schwätze vun engem Renouveau démocratique, wat eppes ganz aneschters ass. Mir wëllen eng Erneierung a mir wëllen déi op eng demokratesch Manéier.

 

Fir ons ass dat esou wichteg, well fir ons ass Form och Programm. Informatioun an Transparenz si wichteg Vecteure fir e gutt Vertrauen an d’Politik. D’office informéieren, net méi just sur demande, an d’Méiglechkeeten och dozou schafen, ass e Meileschrëtt no vir a gëtt dem Wuert „moderniser“ säi richtege Sënn. Iwwregens, wann dat Wuert esou oft virkënnt am Regierungsprogramm, et ass jo gezielt ginn, dann ass et och vläicht, well et esou vill Potenzial dofir gëtt.

 

Referendum fir d’Bierger an d’Biergerinnen, net nëmmen zu Verfassungsfroen, kann een och als eng méi modern Vue vu Participatioun definéieren. An och do ass et selbstverständlech, datt och d’Froe wäerten erakommen, déi zum Beispill elo schonn definéiert gi sinn. Si gehéieren zum Regierungsprogramm. An de Referendum ass eng Form vun aktiver Participatioun. Natierlech, esou wéi et de Moie gesot ginn ass, kann ee vill Saachen hei an der Chamber décidéieren, mä et kann een awer och Saachen an e Referendum ginn an d’Bierger an d’Biergerinne mat erunzéien. A genau dat ass vläicht ee vun de Merkmaler vun deem neie Stil vun dëser Majoritéit.

 

A virun allem de Modus vivendi, dee sech dës Regierung selwer niddergeschriwwen huet, ass net nëmme modern, mä batter noutwendeg! Beréierungsängschten a Chasses gardées ofbauen, eng transversal interministeriell Schaffmanéier, wou transversal Komponenten der Politik nëmme kënnen déngen. Bravo! Genau esou eng Politik brauche mir, fir d’Problemer vun dësem Land unzegoen.

 

An dës Approche fënnt een an den eenzelne Kapitelen erëm, déi openee Referenz maachen. Dës nei Gouvernance wëllen d’Majoritéitsparteien och an der Chamber aféieren. Eng ganz Rei vun Adaptatioune si virun zwee Deeg der Reglementskommissioun proposéiert ginn. All Sensibilité politique oder souguer all eenzelne Volleksvertrieder soll méi Initiativrechter kréien, soll méi Riedezäit kréien, soll iwwerhaapt emol d’Méiglechkeet kréien, d’Wuert ze ergräifen. Dës Propositiounen, wa se am Januar hei am Plenum ugeholl ginn, kënnen nëmmen zu enger méi interessanter an animéierter Debatt bäidroen.

 

Dës nei, fir net erëm modern ze soen, Manéier ze schaffen, huet iwwregens och eng Rei strukturell Ännerunge mat sech bruecht. Mir begréissen, datt et fäerdegbruecht ginn ass, eng Aart Kanner- a Jugendministère ze schafen, wou och d’Éducatioun dran ass. An onsen Aen ass dësen neie Ministère ee vun de wichtegsten. An dësem Ministère ginn déi méi wichteg an nohalteg Décisioune getraff. Hei ginn d’Weiche fir d’Zukunft vun den nächste Generatioune gesat. A mir profitéieren haut, fir sengem neie Minister eng glécklech Hand ze wënsche fir dësen noblen Défi, deen hie sech selwer gestallt huet.

 

A mir behaapte souguer, datt dëse Ministère net manner wichteg ass an net manner schwiereg ass wéi e Finanzministère. Et ass dee Ministère, deen zoustänneg wäert sinn, fir d’Chancëgläichheet tëscht alle Kanner ze garantéieren, ugefaangen an der Crèche, an de Maisons relais, a virun allem an der Schoul. Well Chancëgläichheet an der Schoul ass keng Selbstverständlechkeet fir vill Kanner.

 

Fréier atypesch duerch hire soziokulturelle Background, esou kann haut mat iwwer 40% Netlëtzebuerger Kanner an onsen ëffentleche Schoulen net méi vun atypescher Situatioun Rieds sinn. Och dës Netlëtzebuerger Kanner sinn ons Kanner a gehéieren zu der nächster Generatioun vun onsem Land. Mir kënnen ons net erlaben, op all dee Potenzial ze verzichten. Mir begréissen ausdrécklech déi spezifesch Punkten aus dem Programm, déi der Sprooch am Enseignement eng nei Dimensioun ginn, well d’Kompetenz ass méi wéi d’Sprooch. An d’Sprooche si bei ons en Atout a sollen net méi eng Barrière sinn.

 

Une voix.- Très bien!

 

Mme Viviane Loschetter (déi gréng).- D’Beruffsausbildung bleift och fir dës Regierung e wichtegt Thema. Net nëmme fir de Bilan vun der Reform ze maachen a gegebenenfalls ze adaptéieren, mä virun allem, well d’Beruffer an d’Handwierk Zukunft huet an d’Zukunft ass.

 

Fir der Wirtschaft zu Lëtzebuerg hire Wuesstum oder, méi richteg gesot, hiren noutwendege qualitativen a selektive Wuesstum kënnen ze assuréieren, brauche mer d’Handwierk. Keng aner Politik wéi d’Wirtschaftspolitik ass esou ugewisen, transversal ze schaffen, mat alle Politiken, wéi d’Formation professionnelle, wéi d’Beschäftegungspolitik, awer och wéi d’Ëmweltpolitik. Domadder garantéiere mer onser Ekonomie déi beschte Viraussetzungen, fir sech längerfristeg an nohalteg ze entwéckelen an esou der nächster Generatioun virun allem Aarbecht a Liewensqualitéit ze hannerloossen.

 

Mir brauchen en intelligente Wuesstum, en innovative Wuesstum, wäitsiichteg Iddien, déi ons erméiglechen, ons Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg ze erhalen a weiderhin Aarbechtsplazen ze schafen. Intelligente Wuesstum heescht fir ons Wuesstum, deen hält, dee sech regeneréiert, deen nohalteg ass, dee sech am Ausland weise léisst, deen net nach zousätzlech verseuchte Frichen hannerléisst an dee keng Plans sociaux hannerléisst.

 

An am Regierungsprogramm fanne mir, onser Meenung no, do déi richteg Pisten dofir. Ugefaange mam PIB du bien-être, deen, nieft dem klassesche PIB, eng wichteg Komponent gëtt, fir d’Wuelbefanne vun onser Gesellschaft ze definéieren. Dëse Koalitiounsaccord versteet de Begrëff Wuelstand net nëmmen als Kafkraaft. Eng gutt Liewensqualitéit besteet net nëmmen aus Uschafungen. Et ginn Aspekter, déi kann een net monetariséieren.

 

D’Ekotechnologië si mat Sécherheet en intelligente Schachzuch a gehéiere sonner Zweifel zur Zukunft vun der Wirtschaft iwwert d’europäesch Grenzen eraus. Et gëllt haut ze investéieren an ze promouvéieren, a genau déi Nischen ze fanne mat deene mir, nieft der Finanzplaz an onofhängeg vun der Finanzplaz, e weideren zolitte Pilier fir Lëtzebuerg kënnen entwéckelen.

 

Mir sollen awer och déi sougenannten „green jobs? en général fir de Wirtschaftswuesstum net ënnerschätzen. Dësen Term fanne mer an de Kapitelen iwwert d’Aarbecht an d’Beschäftegung erëm.

 

Beschäftegung an de Kampf géint de Chômage ass eng deklaréiert Prioritéit vun dëser Regierung. Nei ass, datt se sech déi néideg Moyenen dozou gëtt, net nëmme finanzieller Natur. Déi ganz Beschäftegungspolitik vun dëser Regierung baséiert op Zesummeschaffen, op transversale Komponenten, well déi transversal Komponente fanne mer praktesch an alle Punkte vun dësem Kapitel erëm. Eng Kollaboratioun tëscht Wirtschaft, Beschäftegung, Ausbildung, Energie, Ëmwelt a Landwirtschaft ass onëmgänglech. De Potenzial vun enger enker Zesummenaarbecht tëscht dëse Ressorte vun Ausbildung, Wirtschaft a Beschäftegung ass enorm a bei Wäitem nach net ausgeschëpft!

 

Dir Dammen an Dir Hären, dës Transversalitéit, dës ëmmer erëm erwähnte Kollaboratioun – iwwregens ass deen Term „Kollaboratioun? net gezielt ginn; ech hunn e gezielt, e kënnt 81-mol vir am Koalitiounsaccord -, deen Term „Kollaboratioun? kann nëmme vun enger Équipe geschriwwe gi sinn, fir déi dësen Term och Bedeitung huet. Mir wënschen der Regierung eng interministeriell Kollaboratioun, déi e Virbild gëtt fir all déi Leit, déi bei hinnen an de Ministèrë schaffen, an déi, déi direkt um Terrain schaffen. D’Bereetschaft ass op alle Fall do, well dee Feedback ass scho komm. Wahrscheinlech och, well um Niveau vun de Verwaltungen de Besoin dozou scho längst erkannt ginn ass!

 

An der Beschäftegungspolitik wäerte mir als gréng Fraktioun och an der Kontinuitéit bleiwen. Virdrun an der Oppositioun, elo an der Majoritéit. Mir wäerte weiderhin d’Reform vum Arbeitsamt ënnerstëtzen, mam Ënnerscheed, datt elo dem Aarbechtsminister senger Demande fir eng substanziell Personalerhéijung Rechnung gedroe gëtt. Mir musse séier an d’Standardnorme kommen, wat d’Quot vun de betreiten, concernéierten Demandeurs d’emploi pro Conseiller definéiert. Mir brauche séier adequat Infrastrukturen, fir eng gutt Aarbecht ze erméiglechen an e mënschewürdegen Empfang vun de Leit, déi eng Aarbecht sichen.

 

A genau dat ass dat Neit an der Kontinuitéit. Dës Prioritéite sinn am Regierungsprogramm niddergeschriwwen. An dat ass och gutt esou!

 

Eng Evaluatioun vun alle Mesures à l’emploi ass virgesinn. Och dat ass richteg an noutwendeg. Eng besser Analys vum Besoin vun der Ënnerstëtzung vum Demandeur d’emploi oder vun der Persoun ouni Aarbecht – dat sinn zwou verschidde Saachen heiansdo – ass gefrot. Wéini ass et besser, temporär en RMG ze hunn, mat oder ouni ATI? Wéini ass et besser, an enger Initiative au travail affectéiert ze ginn? Wéini ass et besser, net assignéiert ze ginn? An esou weider. Och do ass endlech virgesinn, dës verschidde Mesuren, fir déi och nach verschidde Ministèren zoustänneg sinn, besser openeen ofzestëmmen.

 

De Projet „Garantie pour la jeunesse? ass eng dynamesch Approche fir de Jugendlechen. Et erlaabt de Jugendlechen net mussen an e Gefill ze fale vu betreit sinn, en éischter passivt a fatalistescht Gefill, mä encouragéiert hien, aktiv ze bleiwen, respektiv aktiv ze ginn. Dëse Projet soll séier fonctionnel ginn. Fir ons och extrem wichteg, déi dozougehéierend festgehale Qualitéitskontrollen.

 

D’Gläichheet tëscht Männer a Fraen ass fir déi gréng e fundamentaalt, wichtegt Element a gehéiert mat der Anti-Atombewegung an der Ëmwelt zu de wichtegste Prinzipien iwwerhaapt vun onser Partei. Datt dëst keen Dogma ass vun deene Gréngen, mä zur Alldagsrealitéit gehéiert, weisen déi deklaréiert Ziler am Regierungsprogramm, déi op de reellen Déséquiliber an der Prise de position (veuillez lire: Prise de décision) reagéiert.

 

Datt d’Fraen haut grad esou vill Kompetenzen an Erfahrung matbrénge wéi Männer, steet iwwerhaapt net méi zur Diskussioun. D’Diskussioun ass éischter: Wéi eng Politik fir méi eng gerecht Opdeelung? Dës Regierung verabschid sech vum Prinzip: „Mir loossen de Leit emol de Choix dat selwer ze maachen, an duerno kucke mer.“ Dës Regierung zitt en éierlechen a gerechte Bilan an hëlt direkt Mesurë fir eng besser Representatioun vu Männer a Fraen op Décisiounsposten, net nëmmen an der Politik, mä och an de Verwaltungsréit, wou se matdécidéiere kann. An dat mat engem faire Rapport vu 60% zu 40%.

 

Effektiv bléist elo en neie Wand, an och wann heibannen oder an der Regierung Nachholbedarf ass, all Respekt fir dës Erkenntnis an dës wichteg a couragéiert Schrëtt. A mir wënschen der neier Ministesch eng flott Aarbecht am Ministère de l’Égalité (veuillez lire: Ministère de l’Égalité des chances), deem seng Daseinsberechtegung méi wéi jee confirméiert ginn ass.

 

Déi annoncéiert Gesellschaftsreformen, déi d’Regierung schonn ugekënnegt huet, hu scho fir vill Austausch an der Gesellschaft gesuergt. Eigentlech ass dëst eng positiv Saach. Et gëtt erëm iwwert d’Gesellschaftsgestaltung ënnert de Leit diskutéiert an debattéiert. Et entsteet erëm eng Dynamik, wou jiddweree sech erëm concernéiert fillt a matschwätzt.

 

Richteg fanne mir, datt d’Politik sech méi aus de kathoulesche Kierchenugeleeënheeten eraushält. Et ass souguer fair. Fair vis-à-vis vun deenen anere Kierchen a Glawensgemeinschaften, fair par rapport zu onser Gesellschaft, déi, anescht wéi virun 100 Joer, haut multikulturell ass.

 

Fair, well et och unerkennt, datt et an onser Gesellschaft och en Deel Leit gëtt, déi net gleeweg sinn. Fair ass et och, déi verschidde sexuell Orientatiounen endlech wouerzehuelen a gläich Rechter fir gläich Léiften ze schafen. Richteg fanne mir, datt endlech der Fra dat enormt Gewiicht vum Code pénal beim Avortement ewechgeholl gëtt. A richteg, gerecht a fair fanne mir och, dass Leit, déi Joren a Jorzéngten an onsem Land liewen a schaffen, och kënne matdécidéieren, wien hir Vertrieder an der Politik solle sinn. Praktesch alles Komponenten, déi et an aneren europäesche Länner scho gëtt, mä wou mir stolz drop sinn, datt mer och endlech dozougehéieren.

 

Mir begréissen explizit d’Kreatioun vun der Maison des droits de l’Homme. Säit Jore revendiquéieren déi gréng – d’Fraktioun – eng éierlech Reform vum Jugendschutz. D’Politik ronderëm de Jugendschutz ass eng äusserst sensibel. Et handelt sech ëm Kanner- a Jugendrechter, déi onberéiert bleiwe mussen. Et handelt sech awer och ëm Realitéiten, oft dramatesch Realitéiten, wou Doten a Schued munchmol sech vermëschen, a wou et net ëmmer evident ass, eng Konklusioun ze zéien. Awer mir brauchen dës Reform. An elo kënnt se, a si ass als urgent am Regierungsprogramm ugekënnegt. Bravo fir dëse politesche Courage!

 

Den Office national de l’enfance gëtt reforméiert, fir d’Aarbecht um Terrain net nëmmen erëm méi einfach, mä virun allem méi effizient ze maachen. D’Zesummenaarbecht tëschent Sozial a Justiz muss gefërdert ginn an ënnerstëtzt ginn zum Wuel vum Kand a senger Famill.

 

Awer zur Gesellschaftspolitik gehéiert och, datt d’Chancëgläichheet fir jiddwereen déiselwecht ass. Zur UNO-Konventioun fir Mënsche mat Behënnerunge gehéiert och en nationalen Aktiounsplang. Dësen Aktiounsplang gëtt an Zesummenaarbecht mat alle concernéierten Instanzen a Leit iwwerschafft an ëmgesat. Mir brauchen dësen Aktiounsplang, net nëmmen, well et ëm Chancëgläichheet geet, mä ganz einfach ëm Gerechtegkeet. D’Gebäerdesprooch gëtt och als Sprooch unerkannt a gefërdert. Hei och geet et ëm den Zougang zur Participatioun, an domadder implizit ëm Gerechtegkeet.

 

Mir waren och als Gréng ëmmer der Iwwerzeegung, hu mir heibannen och ëmmer gesot, datt ee mat enger preventiver Approche an der Santéspolitik vill Sue ka spueren. De Premier huet gëschter gesot, duebel spueren. Mä et kann een och vill Misär sech erspueren, vill Suen op verschidden Niveaue vun der Infrastruktur bis zur Gesondheetskeess. An d’preventiv Moossname sinn ënnert dem Stréch méi bëlleg wéi réparatrice Moossnamen.

 

An dann natierlech freeë mer ons besonnesch iwwert de Service hospitalier national de l’environnement. D’Ëmweltmedezin ass bis viru Kuerzem nach oft mat Skepsis betruecht ginn. Haut sinn Ëmweltkrankheeten unerkannt a leider och keng Raritéit.

 

Ech muss och am Numm vun deene Gréngen, der grénger Fraktioun natierlech op d’Wunnengspolitik agoen. Et ass eng vun deene gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. Mir hunn an dësem Land en enorme Wunnengsproblem, a gläich op verschidden Niveauen. A mir mussen och feststellen, datt déi lescht Jorzéngte leider keng oder munchmol déi falsch Weiche gestallt gi sinn.

 

Mir begréissen, datt d’Noutwendegkeet erkannt ginn ass, fir de Fonds du Logement nei opzestellen an en erëm zu deem ze maachen, wat mer brauchen, nämlech en Établissement public, dee virun allem Sozialwunnenge baut, verkeeft a verlount. Mir begréissen, datt d’Noutwendegkeet erkannt ginn ass, datt et virun allem de Rôle vun den ëffentlechen Instanzen ass, derfir ze suergen, datt genuch Sozialwunnengen an erschwéngleche Wunnraum ugebuede kënne ginn. Mir begréissen, datt d’Noutwendegkeet erkannt ginn ass, virun allem an de Parc locatif ze investéieren. Mir begréissen, datt d’Noutwendegkeet erkannt ginn ass, de Präis vum Foncier ze neutraliséieren.

 

Dat sinn alles konkret Moossnamen, déi stinn am Regierungsprogramm. Et ass weder flou nach vag.

 

Mir begréissen, datt d’Noutwendegkeet erkannt ginn ass, virsiichteg mam Bauperimeter ëmzegoen, datt seng Erweiderung gekoppelt ass un Antispekulatiounsmoossnamen an u kuerzfristeg Baubedingungen, notamment vun der ëffentlecher Hand.

 

Dat steet och prezis am Regierungsprogramm. Et ass net vag, et ass net flou.

 

Mir begréissen, datt d’Noutwendegkeet erkannt ginn ass, datt d’Offer u Suivi social garantéiert gëtt, souwuel beim Kaf wéi och bei der Locatioun vu soziale Wunnengen. A mir encouragéieren déi nei Ministesch, séier de Bilan vum Pacte logement a vum Paquet logement ze maachen, an da gegebenenfalls déi noutwendeg Adaptatiounen ze maachen.

 

D’Gemenge sinn de Partner Nummer eent an der Wunnengsbaupolitik a brauche konkret Ënnerstëtzung. Dës konkret Ënnerstëtzung, a Form notamment vu Berodung, ass elo endlech virgesinn. Esou wäert all Gemeng kënnen à même sinn, hir Verantwortung an der Wunnengsbaupolitik ze iwwerhuelen an domadder en autonomen, awer fiabele Partner fir de Stat kënnen ze sinn.

 

An der Wunnengspolitik ass mat Sécherheet eng Revisioun vun alle méigleche Subsidë sënnvoll. Mir mierken haut, datt net onbedéngt déi Leit, déi eng finanziell Ënnerstëtzung brauchen, déi och genuch kréien. Anersäits mierke mer och, datt ee mat Wunnengsbau vill Fric ka maachen. Anstänneg a mënschewierdeg wunnen ass awer e Mënscherecht, e Besoin, mat deem net nëmme solle Geschäfter gemaach ginn!

 

D’Subsiden a finanziell Ënnerstëtzunge sollen do ausbezuelt ginn, wou se gebraucht ginn, fir en Daach iwwert dem Kapp ze hunn, fir sech e Liewen opzebauen oder fir senge Kanner eng Wunnméiglechkeet ze hannerloossen.

 

Wunnenge bidden awer och en enorme Potenzial fir Energie ze spueren, respektiv fir an Zukunft keng Energie méi ze verbrauchen. E Pionéier an der Groussregioun ze ginn an de Ressorten Energieeffizienz an erneierbar Energien, dat ass e geschriwwent, deklaréiert Zil vun dëser Regierung. Sécherlech en ambitiéist Zil, mä eng intelligent Strategie. Genau esou Projete brauche mir hei zu Lëtzebuerg. Enorm vill Aarbechtsplaze kënne geschafe ginn, wa mir op dës nei Créneaue setzen, wa mir proaktiv an dës Wirtschaftsnischen investéieren.

 

An dës nei Secteure garantéieren den nächste Generatiounen eng Onofhängegkeet vu Pëtrol a Gas. Dës Onofhängegkeet ass och eng Saach vu Gerechtegkeet, well spéitstens bei der nächster Generatioun kann de Pëtrol an de Gas nach just vu räiche Leit bezuelt ginn. D’Onofhängegkeet vu Gas a Pëtrol an den Ausbau vun erneierbaren Energien huet net nëmmen eng wirtschaftlech an eng sozial Komponent, mä och ekologesch Konsequenzen. Einfach ausgedréckt, awer richteg: keen Dreck an der Loft, keen Dreck am Waasser, kee radioaktiven Offall, keng nei verseuchte Frichen, keng gesondheetsschiedlech Ëmwelt fir Kanner an Erwuessener.

 

Jo, mir fannen de grénge Fuedem am Regierungsprogramm erëm a mir sinn iwwerzeegt, datt déi gréng Regierungsmemberen, alle véier, mat Kompetenz an Erfahrung dëse Programm déi nächst fënnef Joer wäerten hëllefen an d’Praxis ëmzesetzen. Well si wäerten dat net eleng maachen. Et ass keng gréng Aufgab, et ass eng Regierungsaufgab, esou wéi et am Regierungsprogramm steet. Et ass eng gemeinsam Aufgab, de Premier huet et gëschter ënnerstrach.

 

Ons natierlech Ressourcë sinn net onendlech. De Klimaschutz huet am Regierungsprogramm eng reell Wichtegkeet. Dës wäert bei der Présidence 2015 spéitstens e Schwéierpunkt gi vun dëser Regierung. Dës Regierung bekennt sech kloer géint Atomenergie a wëllt aus dem ITER-Atomfuerschungsreaktorprogramm erausklammen. Mir brauche méi wéi jee esou Stëmmen um EU-Niveau. De Stat wäert op 100% grénge Stroum ëmswitchen. D’Regierung wëll sech och beméien, méi Ustrengungen heiheem ze maachen, fir d’Klimaziler ze erreechen.

 

An de Kapitelen iwwert de Buedemschutz, d’Loftqualitéit, de Kaméidi oder d’Offallgestioun, liest ee kloer Aktiounen, wéi dës Regierung den Naturschutz wëllt fërderen. De Biolandbau soll staark gefërdert ginn, fir kënnen der nationaler riseger Nofro e bësse besser nozekommen. An datt de Principe de précaution bei den OGMen oder bei de GSM-Antenne weiderhi verstäerkt gëtt, kann ee feststelle bei de Mesuren, déi dës Regierung sech virgeholl huet.

 

Den Naturschutz kritt eng nei Dimensioun an dësem Regierungsprogramm. Dozou gehéiert och de Waasserschutz. Beim Waasserschutz gëtt et enorm vill nozehuelen. Déi viregt politesch Responsabel hunn et verpasst, eng Politik anzeféieren, déi ons Gewässer an e gudden Zoustand bréngt. Si hunn net derfir gesuergt, datt onst Land iwwer flächendeckend Ofwaasserinfrastrukture verfügt. Et feelen nach ëmmer adequat Règlements grand-ducaux zu den noutwendege Waasserschutzzonen, déi gebraucht ginn, fir e proppert Waasser ze garantéieren, e proppert Drénkwaasser.

 

D’Waasserpolitik huet elo seng richteg Plaz am Ëmweltministère fonnt. An d’Ëmweltpolitik huet elo hire richtege Stellewäert an der Chamber fonnt, doduerch datt mer eng eegen Ëmweltkommission geschafen hunn. Vun haut un ass fir dës Regierung d’Ëmweltpolitik eng transversal Politik par excellence.

 

D’Vernetzung mat der Landwirtschaft a mat dem Konsumenteschutz ass evident. Awer och d’Vernetzung mat der Wirtschaft an der Ëmwelt ass wichteg. Et sinn zwou Politiken, déi, wéi de Premier et gëschter gesot huet, komplementaresch ze verstoe sinn. Mat dëser neier Manéier ze schaffen, ewech vun der Silosorganisatioun an eriwwer zur interministerieller Zesummenaarbecht, kréie mir déi Bedingungen, déi mer brauchen, fir kompetent an effektiv ze schaffen.

 

Uerdentlech Bedingungen, fir effikass ze schaffen, brénge mat Sécherheet déi laang ersehnte Plans sectoriels, un deene schonns bal zéng Joer a verschidde Ministèrë geschafft gëtt. De Plan sectoriel «Logement», de Plan sectoriel «Transports», de Plan sectoriel «Zones d’activités» an de Plan sectoriel «Paysages» si véier Aarbechtsinstrumenter, déi mer schonns laang an dësem Land gebraucht hätten, fir eng uerdentlech, fir eng geplangten, awer virun allem eng duerchduechte Gestaltung vun dësem Land ze organiséieren.

 

Wéi eng Stroossen, wéi eng Schinne gi wou a firwat gebaut, oder net gebaut? Wéi eng Zones d’activités gi wou installéiert, a fir wéi eng Betriber? Wat wëlle mer fërderen, a firwat wëlle mer dat? Wou sollen nei Wunnenge gebaut ginn, a firwat grad do? Wahrscheinlech well mer grad do den ëffentlechen Transport gebaut oder geplangt hunn, oder eng Zone d’activités geplangt hunn, wou mer kuerz Weeër ubidden tëscht schaffen a wunnen. Wat muss protégéiert ginn? Wou wëlle mer zesummenhänkend Gréngzonen oder Naturparken erhalen? A firwat? Wou wëlle mer Agraraktivitéite fërderen?

 

Eigentlech kann ee sech keng Landesplanung virstellen, ouni d’Viraussetzung vu bestehende Plans sectoriels, déi openeen ofgestëmmt sinn. An dofir gëtt et héich Zäit, datt dës Regierung sech d’Mëttel gëtt, fir kënnen ze schaffe wéi am 21. Jorhonnert, fir eng Chance ze kréien, och eng nohalteg a sënnvoll landesplaneresch Politik ze gestalten. Déi Zäite vun „first come, first served“ sinn definitiv eriwwer.

 

Mir musse prioritär och de Problem vum Trafic an de Grëff kréien. An deenen nächste Jore gëllt et, dem ëffentlechen Transport eng Prioritéit ze ginn, d’Offer massiv, souwuel quantitativ wéi awer och qualitativ, ze verbesseren, wa mer wëllen, datt d’Leit net méi mussen oder wëlle mam Auto fueren an noutgedrongen am Stau stinn. A mir mussen och Stroosse bauen, do wou se gebraucht ginn. D’Mobilitéit ass nämlech e Ganzt. Et ass eng Kette mat vill verschiddene Méiglechkeeten, fir sech fortzebewegen. Dës Regierung muss derfir suergen, datt endlech en Équiliber hiergestallt gëtt tëscht dëse verschiddene Méiglechkeeten.

 

D’Offer un ëffentlechem Transport verbesseren, wéi den Zuch oder den Tram, innovativ Mobilitéiten aféieren, wéi zum Beispill de Carsharing oder konsequent duerch d’ganzt Land d’Mobilité douce, de Vëlo oder zu Fouss goe fërderen. Dës Initiativen, déi stinn och kloer am Regierungsprogramm, net vag, net flou, mä kloer. Dës Initiative bedeiten e Quantesprong no uewe fir d’Liewensqualitéit vun de Leit, déi hei wunnen, oder déi, déi all Dag heihi schaffe kommen. A si sinn een net ze ënnerschätzende wichtege wirtschaftleche Standuertfacteur fir onst Land.

 

Ech wëll haut net vill bäifügen zu der Finanzplazpolitik, well vill schonns doriwwer geschwat ginn ass. De Premier huet et gutt résuméiert. Am Moment ass d’Finanzplaz ons Mëllechkou. Mir alleguerte liewen haaptsächlech vun dëse Suen. Si fidderen onse Budget, souwuel um nationale wéi um Gemengenniveau. Mä mir hunn eng Rei Erausfuerderungen, deene mer ons musse stellen. Jo, mir mussen eng stabil a prévisibel Politik fir d’Finanzplaz garantéieren. An, jo, mir solle proaktiv an deene verschiddenen internationale Gremien, wéi zum Beispill, mä net nëmmen, d’OCDE matschaffen, a Saachen Transparenz a beim Échange automatique vu Steierinformatiounen.

 

Jo, mir sollen e prezise Kalenner froe fir en automateschen Informatiounsaustausch, dee weltwäit och fir all aner Finanzplaze soll zielen. A mir sollen ons Uleies no homogenen Normen ënnersträichen an onse Wëllen, fir aktiv drun ze schaffen, bekannt maachen. Esou wéi an der Vergaangenheet, vläicht mat méi Iwwerzeegung. E Kalenner, dee mer souwisou riskéieren opgedrongen ze kréie mat enger Deadline. Mä mir denken, datt de Wëlle vun der Regierung, fir d’Finanzplaz ëmzestrukturéieren, mat neien, sougenannte proppere Produkter, an domadder och en neien Typ vun Investisseuren unzezéien, dee richtege Wee ass a wahrscheinlech och deen eenzegen.

 

Dofir ass et och richteg, datt dës nei Regierung sech dofir asetze wäert, fir eng weider Diversifiéierung vun den Aktivitéite vun onser Finanzplaz virunzedreiwen, zum Beispill a Richtung vun den Investissements socialement responsables, wéi d’Mikrofinanz oder déi sougenannte Fiche d’impact (veuillez lire: Finance d’impact).

 

Dës Regierung, dat ass och scho vill haut gesot ginn, muss sech de Spuermoossnamenserausfuerderunge stellen. Iwwregens, dat hätt all nei Regierung misse maachen, déi elo am Dezember ugetruede wier, egal wat fir eng politesch Partei, déi heibanne vertrueden ass. Dëst wëllen ignoréieren, ass schlicht politesch irresponsabel! À politique inchangée, et ass scho gesot ginn, hu mer an zwee Joer 15 Milliarde Schold a kommen no un déi 30% vum PIB.

 

Esou wéi all Regierung hätt missen derfir suergen, wäert och dës nei Regierung derfir suergen, datt den Triple-A net a Gefor kënnt. An ech fannen et och net gutt, datt een de Wäert dovunner elo erofspillt. Dat ass schonn eng wichteg Komponent. Well dat géif nämlech bedeiten, datt mer an eng dramatesch Scholdespiral erageroden, wou mer ons nëmme kënnen en dramateschen Ausgang fir onst Land an déi kommend Generatiounen erwaarden. Jo, dat si blank Zuelen, esou den Ausdrock vum Premier gëschter.

 

An de Moie sot de Vertrieder vun der CSV, datt déi Zuel vun 1,5 Milliarde scho laang bekannt ass. Mir hunn awer néierens an deene villen Tiräng eng Léisung fonnt, wéi een där scho laang bekannten Zuel kéint entgéintwierken. Et gi keng Léisungsvirschléi an deenen Tiräng, an et ginn och keng Léisungsvirschléi zu deenen 800, mindestens, Milliounen, déi ons wäerten duerch de Commerce électronique ewechfalen. Dat ass d’Aufgab vun dëser neier Regierung, an déi ass verdammt verflicht eng Léisung ze fannen!

 

Et feelen also 1,5 Milliarden, an déi brauche mer, fir datt den Dramazeenario net antrëtt. Dofir wäerte mir d’Regierung ënnerstëtze bei den ugekënnegte Mesuren, notamment wéi Screening oder Zero-based budgeting. Mir ënnerstëtze se awer och bei där ugekënnegter Steierreform, déi muss a wäert op Kritäre vu sozialer Gerechtegkeet a vun Nohaltegkeet baséieren. A mat Sécherheet wäerte mer do och d’Kapitalbesteierung erëmfannen.

 

Mir ënnerstëtzen och d’Iwwerpréiwung vun alle sozialen Transferten op hir Gerechtegkeet an hir Effikassitéit. Well e sozialen Transfert rechtfertegt sech doduerch, datt déi, déi et brauchen, op eng wierdeg Aart a Weis gehollef kréien, fir wierdeg ze liewen. Si si keen Droit acquis, an et kann net sinn, datt d’Allgemengheet muss bezuele fir Transferten, déi do ukommen, wou se net gebraucht ginn. An et kann och net sinn, datt d’Allgemengheet Steiere bezilt an d’Transferte kommen net oder net genuch do un, wou se gebraucht ginn.

 

D’sozial Transferte sinn nach vill esou organiséiert nom Prinzip „Géisskan“ aus den Zäiten, wou d’Keese voll waren a verdeelt ginn ass, ouni richteg selektiv ze sinn. An deenen Zäiten ass séier wéineg analyséiert ginn – och e Wuert, wat anscheinend ze vill oft an dem Regierungsprogramm erëmkënnt -, an deenen Zäiten, wou d’Keese voll waren, ass séier wéineg analyséiert ginn. Dës Regierung mécht kee Feeler, wa si sech genuch Zäit hëlt, fir ze analyséieren, ier se eng vernünfteg Décisioun hëlt.

 

Mir hätten ons gewënscht, déi politesch Responsabel aus de fette Joren hätten och fir d’éischt analyséiert, ier se zum Beispill de Spëtzesteiersaz erofgesat haten oder deen een oder deen anere Wahlcadeau verdeelt hunn un d’Leit, déi zwar stëmme ginn, mä déi net onbedéngt déi Sue gebraucht hunn.

 

Ech erënneren, datt am Joer 2000 mer e Wuesstum hate vun iwwer 9%, mir haten en Iwwerschoss am Budget vun iwwer enger Milliard, an trotzdeem ass décidéiert ginn am Joer 2001 an 2002, de Spëtzesteiersaz vu 46 op 38% erofzesetzen. An dofir verstinn ech wierklech net déi Ausso vun de Moien aus der CSV-Bänk, wann ee seet: „Spuere muss een, wann et gutt geet.“ Dofir fanne mir et e bëssen einfach, elo esou eng Kritik auszeüben.

 

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, dës Regierung huet d’Situatioun vun onsem Land kloer erkannt a se dem Bierger an der Biergerin beschriwwen. Dës Regierung huet de Courage, fir offensiv a konkret Virschléi ze proposéieren. Dës Regierung wëllt, zesumme mat alle Partner vun der politescher Oppositioun iwwert d’Sozialpartner a Gemengeresponsabel bis all Bierger an all Biergerin, zesummeschaffen. Dës Regierung trëtt geschlossen un als eng Équipe, a si wäert nei Akzenter setze fir ons Zukunft, fir e bessert Zesummeliewen, mat deem, wat ons verbënnt oder wat ons ënnerscheet; fir den Aarbechtsmaart esou ze gestalten, datt och déi nächst Generatiounen an engem soziale Fridde kënne matenee liewen; fir alles ze ënnerhuelen, datt eis Ëmwelt net weider zerstéiert gëtt, mä sech lues a lues erhëlt an esou zu enger wierklecher Liewensqualitéit bäidréit.

 

Dofir, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, am Numm vu menge Kolleegen a Kolleeginne vun der grénger Fraktioun wënsche mir alle Membere vun der Regierung eng glécklech Hand a versécheren hinnen, datt mer wäerte mat Freed an Engagement un dëse flotte blo-rout-grénge Projete matschaffen.

 

Plusieurs voix.- Très bien!

 

 

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don