Mer hu just deen ee Planéit. Dofir ass de Klimaschutz fir eis eng absolut Prioritéit.
Proppert Waasser a Loft, Biodiversitéit an intakt Landschafte sinn eis Liewensgrondlag. Dofir wëlle mer eise Kanner e méi gesonde Planéit hannerloossen.
Bei den Europawahle kënne mer eis fir d’Wuel vun den Déieren an der ganzer EU asetzen.
Plastik ass net just geféierlech fir d’Déieren, mee och schlecht fir eis Gesondheet. Dofir wëlle mir en an Zukunft massiv reduzéieren.
Mer wëllen eng Gesellschaft fërderen, wou Chancëgläichheet a Selbstbestëmmung evident sinn an d’Mënscherechter agehale ginn.
D’Mënsche sollen e gutt a séchert Liewen an Europa hunn. Mer setzen eis dofir an, dass Europa e Friddensprojet bleift.
D’Mënsche wëllen e gutt a séchert Iessen. Et muss méi einfach ginn, sech gesond a nohalteg ze ernären.