Richtegstellung par Rapport zu den Aussoe vum Här Mosar

Allgemeng

2. Juli 2019

Här President,

Des Interventioun ass néideg fir eng Ausso vum CSV Deputéierte Laurent Mosar richteg ze stellen. Et geet em d’Chamberssëtzung vum leschten Dënschdeg, de 25. Juni 2019, a méi speziell em de Punkt 5 vun där Sëtzung. An deem Punkt huet de Laurent Mosar ëffentlech proklaméiert, déi gréng Fraktiounsmataarbechterin Marion Muller hätt enger Associatioun am Numm vun der Justizkommissioun ugeruff, fir déi Leit ze ëmfänken. Domat beschëllegt den Deputéierten eng Mataarbechterin vun der grénger Fraktioun der Ligen an dem frauduléise Verhalen.

Här President, des Ausso vum Deputéierten ass net akzeptabel an dësem Héigen Haus net wierdeg! Éischtens huet den Austausch tëscht eiser Mataarbechterin an der Associatioun net aus Telefonsgespréicher, mä aus Emaile bestan, déi ech iech heimat wéilt ënnerbreeden. Zweetens huet d’Madamm Marion Muller sech an deem Austausch ganz kloer als Mataarbechterin vun der grénger Fraktioun ze erkenne ginn – esou wéi dat sech gehéiert a wéi dir et am Courrier noliese kënnt. Ofgesi vun der falscher Duerstellung vum Här Mosar, ass et fir déi gréng Fraktioun och inakzeptabel, datt en Deputéierten d’Chambertribün benotzt, fir d’Personal vun enger Fraktioun unzegräifen – a wéi an dësem Fall ze diffaméieren.

Am Numm vun der grénger Fraktioun wéilt ech och op d’Leitprinzipie vun eisem Code de conduite hiweisen – a méi genee op déi vun der Integritéit, der Diligence an der Éierlechkeet. Als gréng Fraktioun musse feststellen, datt den Deputéierte Mosar kalbliddeg géint des Prinzipie verstouss huet! A wann en och nëmmen e wéineg Anstand gehat hätt, dann hätt en seng Wierder réckgängeg gemaach –  a sech fir säi Feelverhalen entschëllegt!

Merci Dir Dammen an dir Hären, datt dir des Richtegstellung zur Kenntnis huelt.

Josée Lorsché

Fraktiounspresidentin

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don