Rentrée parlementaire: Interview mam Viviane Loschetter

Archive

14. Oktober 2015

Interview mat der grénger Fraktiounspresidentin Viviane Loschetter zur rentrée parlementaire 2015.

Wat sinn déi gréng Prioritéiten zur Rentrée parlementaire op nationalem Niveau?

Viviane Loschetter: Bei dëser Rentrée – der drëtter fir dës Koalitioun – begleede mer souwuel d’Ëmsetzung vu bisheregen Entscheedungen a Gesetzer wéi och wichteg nei Dossieren déi an den nächsten Wochen a Méint op eis zou kommen. Op nationalem Niveau ass een zentraalt Thema am Justizberäich d’Reform vum Nationalitéitegesetz, wou elo an de nächste Wochen mat all de Parteien ee Konsens zum avantprojet de loi wäert gesicht ginn.

A natierlech muss ee sech dësen Hierscht mat der Flüchtlingsproblematik beschäftegen. Mir befaassen eis intensiv heimat, an dat souwuel domat, wat mir elo konkret zu Lëtzebuerg maache mussen a kënnen, wéi och mam Konflikt, also den Ursaachen.

Wat sinn elo an der zweeter Halschent vun der EU Presidence déi gréng Prioritéiten op internationalem Niveau?

Viviane Loschetter: Eis Ministeren leeschten eng exzellent Aarbecht an der Presidence. Ech verweisen do op eis gréng Ëmweltministesch, Carole Dieschbourg, dat et fäerdeg bruecht huet fir vun allen EU Memberstaten e Mandat ze kréien fir am Numm vun der EU op der Weltklimakonferenz ze verhandelen. Am Transport huet de François Bausch et bei de Verhandlungen zum véierte Paquet ferroviaire gepackt ee Pak auszehandelen, mat deem elo de Privatiséierungsrisiko fir d’CFL gebannt ass a Sozialkritären erhale bleiwen. An och den Datenschutz, dee säit dem Safe Harbor Uerteel läschte Mëttwoch rëm aktuell ass, steet bei eis uewen op der Lescht.

Wat si beim Thema Flüchtlingen déi grouss Defien déi eis op EU a nationalem Niveau erwaarden?

Viviane Loschetter: Am Moment ass dee grousse Schwaachpunkt an der EU dass mer keng gemeinsam Stëmm a keng kohärent Politik hunn. Mer mussen ufänken zesummen un engem Strang ze zéien. Dës Mënsche wéilte léiwer an hiren Heemechtslänner bleiwen, mee si kommen heihin, well se net stierwe wëllen. Si wëlle Fridden fannen, a mir sollten um Fridde matschaffen.

Lëtzebuerg ass gutt opgestallt well d’ONGe gutt zesummeschaffen an och d’Bierger sech immens solidaresch weisen. Dat ass wichteg, well mer op Gemengenniveau alleguerte gefuerdert si fir dës Mënschen ze integréieren. Mer brauchen awer och besser a méi séier Prozeduren. Aplaz eng Lëscht vu sougenannte séchere Länner sinn eng procédure accélérée an de Standard vum juge unique méi wichteg. Mir wëlle jidderengem déi selwecht Rechter ginn.

Du bass nieft denger Roll als Fraktiounspresidentin och responsabel fir de Justizdossier an der grénger Fraktioun…

Viviane Loschetter: Genee, zesumme mam Justizminister Felix Braz wäerte mer d’Reformprojeten zum Divorce an zur Autorité parentale diskutéieren éiert se dann Ufank nächst Joer wäerten deposéiert ginn. Dës Reforme sinn och dréngend noutwenneg. D’Justiz muss sech endlech passend Regele ginn, fir der familiärer Situatioun vun haut gerecht ze ginn. Domat ka vill perséinlecht Leed evitéiert ginn, net ëmsoss waarde vill Leit schonn 10 Joer op déi iwwerfälleg Reformen. Fir de Felix Braz war dat eng politesch Prioritéit an elo am Hierscht fänkt et u konkret ze ginn.

En anere Projet vum Felix Braz ass wéi gesot d’Nationalitéitegesetz. Ass dat d’Wahlrecht fir Auslänner duerch d’Hannerdier, wéi béis Stëmme behaapten ?

Viviane Loschetter: Nee, op kee Fall. Dat neit Nationalitéitegesetz gëtt ee Gesetz dat dem Message vum Referendum soll Rechnung droen. Fir ons bedeit Lëtzebuerger sinn an integréiert sinn net nëmmen eng Sprooch ze schwätzen, mee och Gebräicher, Geschicht an Institutiounen vun onsem Land ze kennen. Et ass ee Gesetz fir ons a mat ons.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don