De grénge Briefing: Gläichberechtegung a Referendum

Archive

13. Februar 2015

Beim éischte Pressebriefing vun dësem Joer huet d’Fraktiounspresidentin Viviane Loschetter an d’Deputéiert Josée Lorsché a Claude Adam de Schwéierpunkt op zwou gesellschaftspolitesch Froe geluecht: d’Chancegläichheet an de Verfassungsreferendum.

D‘Josée Lorsché huet ervirgestrach, datt an dëser Koalitioun dat gréngt Urthema Gläichberechtegung tëscht Fra a Mann endlech ugepak gëtt. Iwwert Parteifinanzéierungsgesetz soll eng 40/60 Quote fir d’Wahllëschte favoriséiert ginn, d’Regierung nennt däitlech méi Fraen als staatlech Vertrieder a Verwaltungsréit, an dat rezent Gesetz iwwert CRP-Fusioun (LIST) – huet eng Quoteregelung fir de Conseil d’administration.

De Claude Adam huet sengersäits erklärt, firwat déi gréng beim Referendum 3x fir de JO plädéieren a firwat et hien net wonnert, datt d’CSV bei 3x NEE bliwwen ass. Fir déi gréng geet et bei dëse Froen em dräi elementar demokratesch Verbesserungen: Eng méi grouss gesellschaftlech a politesch Partizipatioun vun den Net-Lëtzebuerger déi scho laang hei liewen a schaffen, genee wéi och vun de Jugendlechen ab 16 Joer, a schlussendlech eng Mandatsbegrenzung op Regierungsniveau, déi garantéiert, datt et zu engem regelméissege Roulement „un der Muecht“ kennt.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don