Bau vum séieren Tram Richtung Leideleng

Réponse QP

22. April 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vum Députéierten Meris Sehovic un d’Madamm Mobilitéitsministesch iwwert den Bau vum séieren Tram Richtung Leideleng.

An enger Pressekonferenz vum 13. September 2023, huet de viregte  Mobilitéitsminister de 6 Buergermeeschteren aus de Gemenge Suessem, Esch, Monnerech, Schëffleng, Leideleng an der Stad Lëtzebuerg d’Chronologie fir de séieren Tram Direktioun Esch presentéiert. Dëse soll ab 2028 tëscht der Cloche d’Or a Leideleng, ab 2030 bis op Féiz, 2032 op Metzeschmelz an 2035 bis op Belval fueren.

An engem rezenten Interview an enger Dageszeitung zum séieren Tram huet d’Madamm Ministesch gezielt, datt si et begréisse géif wann d’Aarbechten un der Schnellstreck vun der Cloche d’Or iwwert Leideleng Richtung Esch nach an dëser Legislaturperiod ufänke kéinten. Als Reaktioun op dës Ausso, huet de Buergermeeschter vu Leideleng sech iwwerrascht gewisen an deemno contestéiert datt den initialen Zäitplang vum Projet agehale wäert ginn. Als eventuell Grënn goufen d’finanziell Lag vum Staat an d’Kierzung vu finanziellen Investitioune genannt.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch follgend Fro stellen:

  • Wäert den initialen Zäitplang vum Bau vum séieren Tram Richtung Leideleng fir 2028 agehale ginn?
    • Falls nee, wat sinn d’Grënn firwat de Projet net zäitgeméiss ëmgesat wäert ginn?

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don