D’Promotioun vum Waasserstoff am Beräich vun der Mobilitéit

Réponse QP

10. April 2020

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Carlo Back iwwert d’Promotioun vum Waasserstoff am Beräich vun der Mobilitéit un den Energie- an un de Mobilitéitsminister weiderzeleeden:

Am Kader vum Autosfestival 2020 gëtt an de Medien an och an der Ëffentlechkeet verstäerkt iwwert déi verschidden Undriffssystemer diskutéiert. Heibäi héiert ee reegelméisseg Aussoen iwwert d’Waasserstoff-Technik a seng vermeintlech Virdeeler am Verglach zu Batterie-elektresche Gefierer. Vu munche Säite gëtt an deem Kontext behaapt, datt dës Technologie zu Lëtzebuerg vernoléissegt géif oder datt déi staatlech Subventiounen net „technikneutral“ wären.

Esou goufen an enger rezenter Radio-Emissioun vu politescher Säit ënner anerem folgend Aussoen zur Mobilitéits- an Energiepolitik gemaach: „Zu Lëtzebuerg ginn et keng Primme fir Waasserstoffautoen“; „d’Lëtzebuerger Regierung verweigert als dat eenzegt EU-Land d’Participatioun un der europäescher Waasserstoffstrategie“, „et gëtt keng Bereetschaft fir eng Waasserstofftankstell zu Lëtzebuerg anzeriichten“.

A Bezuch op déi uewen zitéiert Behaaptungen ass et mir e wichtegt Uleies, eng Rei Prezisiounen zum Thema Waasserstofffërderung vun den Häre Ministere fir Energie a Mobilitéit ze kréien:

1. Op wéi eng Manéiere gëtt de Waasserstoff am Beräich vun der Mobilitéit zu Lëtzebuerg gefërdert?

2. Wéi wäit ass de Projet fir d’Ariichte vun enger Waasserstofftankstell zu Lëtzebuerg fortgeschratt?

3. Stëmmt et, datt Lëtzebuerg als eenzegt EU-Land net un der europäescher Waasserstoffstrategie participéiert?

4. Zanter wéini participéiert Lëtzebuerg de Fall gesat un dëser Strategie?

Question parlementaire

Äntwert

 

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don