Eis Formatiounen am Fréijoer / Summer 2022
Hei fannt Dir déi 2. Editioun vun eisem Grénge Campus, dee mir Iech als Parteimembere fir déi nächst Méint (Abrëll bis Juli 2022) ubidden.
De komplette Programm mat allen Informatiounen kënnt dir hei als PDF eroflueden an duerchstöberen:
Mir hu probéiert eng interessant Mëschung hinzekréien tëschent Formatiounen iwwer national a lokal Themen a Grondlagen, Méiglechkeete fir Kompetenzen auszebauen z.B. an der Kommunikatioun, a puer méi locker Aktivitéiten, ewéi fräi Austausch op verschiddene Sproochen.
Mir sinn eis sécher, hei ass fir jiddereen*t eppes dobäi! Dir sidd all häerzlech wëllkomm.
Interesséiert? Da mellt Iech ëlo un!
Umelle kënnt Dir Iech elo schonns fir all déi Formatiounen, déi iech interesséieren, via de Formulaire hei ënnendrënner oder iwwer Telefon am Parteisekretariat um 27 48 27 – 1.
Deadline: An der Reegel bis spéitstens 3 Deeg virun der Aktivitéit! Wann Dir Iech ugemellt hutt, an awer net kënnt kommen, biede mir Iech, Iech mat Zäiten bei eis ofzemellen op greng@greng.lu