👉 Pacte Logement 2.0:
an Zukunft gëtt bei neie Bauprojeten automatesch ëffentlechen an abordabele Wunnraum geschaf
👉 Afréiere vun de Loyere während der Kris:
mir hunn d‘Locatairë wärend der Pandemie ënnerstëtzt
👉 Neie Fong fir ëffentlechen an abordabele Wunnraum:
mir schafen all Joer iwwer 800 nei bezuelbar Wunnengen
👉 Wat de Staat finanzéiert, muss abordabel bleiwen:
mir hunn d’Lafzäit vun de Konventioune fir Subventioune vum Staat op 40 Joer verduebelt
👉 Projet Elmen, Wunne mat der Wooltz an Neischmelz:
mir bauen nei nohalteg Quartiere mat abordabelem Wunnraum an héijer Liewensqualitéit
👉 Schluss mat der Spekulatioun op Käschte vun der Allgemengheet:
Immobiliefongen a Revenuen aus der Locatioun ginn elo méi gerecht besteiert