Gréngen Tëschebilan

2018-2021

Am Asaz fir eise Planéit



👉 D’Energiewend geet virun:

mir hunn d‘Produktioun vun erneierbarem Stroum säit 2012 méi wéi verdräifacht 

 

👉 All Joer iwwert eng Milliard fir de Klima: 

mir investéiere massiv an eng gesond Zukunft fir eise Planéit

 

👉 En attraktive Klimabonus fir all d’Bierger:innen:

mir hunn d‘Primme fir klimafrëndlecht Bauen, Heizen an nohalteg Mobilitéit substantiell erhéicht 

 

👉 Klimaverschmotzung huet endlech e sozial gerechte Präis:

nieft dem CO2-Präis hu mir och d’Allocation de vie chère ëm 10% an de Steierkredit ëm 96€ pro Persoun gehéicht

 

👉 Klima- an Energieziler 2020 zesummen erreecht!

 

👉 Klimaschutz ass elo Gesetz: 

mam Klimagesetz an dem Klimaplang hu mir e verbindleche Kader an eng kloer Roadmap fir eis Klimapolitik geschah

 

👉 Raus aus dem Eewee-Plastik an eran an d’Kreeslafwirtschaft:

eis national Null-Offall-Strategie gouf ugeholl a gëtt elo ëmgesat

 

👉 D’Atom-Lobby muss elo mat eis rechnen: 

mam Atomhaftungs-Gesetz gëtt d’Atomkraaft méi deier an domat manner attraktiv

 

👉 D’Course fir kommunale Klima- an Naturschutz ass lancéiert: 

mat den neie Klima- an Naturpakten verstäerke mir eis Efforte mat de Gemengen géint d’Klima- an d‘Biodiversitéitskris

 

👉 D’Beie soe Merci: 

Verbuet vum Verkaf a vum Benotze vu Glyphosat säit dem 1. Januar 2021 – domat ass Lëtzebuerg Virreider

All d'Kärthemen

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don