Plastik ass net just geféierlech fir d’Déieren, mee och schlecht fir eis Gesondheet. Dofir wëlle mir en an Zukunft massiv reduzéieren.
Eis Ziler:
👉 Den EU-wäite Verbuet vum „single-use“ Plastik konsequent ëmsetzen.
👉 Eng international Plastikkonventioun ëmsetzen, well Plastik kennt keng Grenzen.
👉 E Verbuet vu Mikroplastik an de Fleeg- a Kosmetikproduiten ëmsetzen.
👉 D’Produzenten responsabiliséieren duerch 50% manner Verpackung bis 2030.
👉 Mam reduce-reuse-repair-recycle-Prinzip eng Zero-Waste-Gesellschaft fërderen.
Méi iwwert eise Kampf géint de Plastik an eisem Programm (S.8)