Bei den Europawahle kënne mer eis fir d’Wuel vun den Déieren an der ganzer EU asetzen.
Eis Ziler sinn:
👉 D’Käfeghaltung a ganz Europa ofschafen an Déierentransporter reduzéieren.
👉 Landwirtschaftlech Betriber just ënnerstëtzen, wann hir Déieren aartgerecht gehal ginn.
👉 D’Doutmaache vu Stroossenhënn a Kaze verbidden.
👉 Och eis Wëlldéieren net vergiessen a queesch duerch Europa hir Liewensraim schützen.
Méi zum Déiereschutz an eisem Programm (S.8)