Dir wëllt d’Chamber aus éischter Hand erliewen a méi iwwer d’demokratesch Aarbecht gewuer ginn? Eis gréng Deputéiert invitéieren Iech häerzlech op eng Chambersvisitt!
Bei dëser Visitt kritt Dir en exklusiven Abléck an d’Parlamentsaarbecht, d’Roll vun de Fraktiounen an d’Kontrollfunktioun vis-à-vis vun der Regierung. Mir erklären Iech, wéi mir eis fir eng gerecht, nohalteg an demokratesch Zukunft asetzen. Donieft gitt Dir och méi iwwert d’Geschicht vum Chambersgebai gewuer – mat där enger oder anerer Anekdot aus dem politeschen Alldag.
Eis Deputéiert freeë sech, Iech, äre Veräin oder är Schoulklass an der Chamber ze begréissen!
Wann Dir un enger Visitt an der Chamber intresséiert sidd, da mellt Iech op deigreng@chd.lu