Gudde Moien,
Mir sinn d’Stéphanie an de François, Parteipresidente vun déi gréng. Als gréng Partei ass et eis Zil, der ganzer Bevëlkerung an Zukunft e gutt Liewen am Aklang mat der Natur an alle Matmënschen ze erméiglechen.
Dëst wëlle mir erreechen, an deem mir duerfir suergen, dass jiddereen*t e gerechte Loun kritt, ouni op déi eege Work-Life Balance verzichten ze mussen. Mir wëllen eng CO2-fräi Wirtschaft opbauen déi op Innovatioun, dem Deelen an dem Prinzip vun der Kreeslafegkeet baséiert an d’Chance déi eng gréng Transitioune bitt, notzt.
Mir sinn der Meenung, dass déi lëtzebuerger Bevëlkerung am glécklechsten ass, wann d’Gesellschaft sozial gerecht ass a jiddereen*t déi selwecht Chancen op eng gutt Ausbildung huet an d’Méiglechkeet säin Dramberuff auszeüben. Dës Ziler sinn allerdéngs just erreechbar, wa mir eis Liewensgrondlagen, also eis Natur an eis d’Klima schützen an erhalen.
Wann’s du dech an dëser Visioun erëmerkenns da gëff aktiv a schaff mat. All Mënsch ass wëllkomm, wat méi, wat besser!
Stéphanie Empain & François Benoy
Parteipresidenten vun déi gréng
CVen vun de Parteipresidenten
Stéphanie Empain | DE
Stéphanie Empain | FR
François Benoy | DE
François Benoy | FR