23. April 2019
Mam Grand-Duc Jean huet eis e grousse Frënd vun de Mënschen a vun der Natur verlooss. Mir halen hien als Ënnerstëtzer vun der Jugend an dem Benevolat an Erënnerung. Intresséiert, opmierksam an ëmmer en oppent Ouer: de Grand-Duc Jean war e Mënschefrënd, dee säi Land an all d’Mënschen déi dra liewe, gär hat.
Säi bemierkenswäerten Asaz am 2. Weltkrich géint d‘Naziherrschaft a bei der Befreiung vu Lëtzebuerg bleift net nëmmen der eelerer Generatioun a gudder Erënnerung. Säi spéidert Wierke war gepräägt vu Solidaritéit a Matgefill vis a vis vun allen, besonnesch deenen Äermsten.
Mir behalen de Grand-Duc Jean a gudder Erënnerung als bescheidenen, a sech rouenden an oppene Staatschef.
Déi gréng drécken der Groussherzoglecher Famill hiert déifste Matgefill aus.
Djuna Bernard, Parteipresidentin
Christian Kmiotek, Parteipresident