Zesummenhalt brauch Gerechtegkeet: Sozial, ökologesch, generatiounsiwwergräifend

Communiqué de presse

11. September 2020

Vill ënnerschiddlech Krise stellen aktuell eise gesellschaftlechen Zesummenhalt op d’Prouf. E generellt Gefill vun Ongerechtegkeet mécht sech ëmmer méi breet. Och zu Lëtzebuerg.

Hei ass d’Politik elo gefuerdert. Mir stinn an der Verantwortung, eisem Land laangfristeg e Kader ze ginn, wou Wuelstand a finanziell Laaschte gerecht verdeelt sinn. Grad an Zäiten, wou et méi schwiereg gëtt. Mir musse Chancëgläichheet garantéieren, och tëschent de Generatiounen.

Am Ufank vun der Covid-19-Kris hu mir an dësem Sënn séier op déi nei Situatioun reagéiert. Mir hunn zesumme mat eise Koalitiounspartner Liewen a Gesondheet vun de Mënschen an de Mëttelpunkt gestalt. Mir hunn Aarbechtsplaze geschützt a wirtschaftlech Existenze gerett. Duerch Hëllefe fir Betriber, Independanten a Privatleit. Duerch d’Ausnotze vum ganzen Handlungsspillraum am Aarbechtsrecht.

Aktuell diskutéiere mir vill iwwer Steiergerechtegkeet. Dat ass wichteg, mä geet awer net duer! Mir mussen eng méi breet Gerechtegkeetsdebatt féieren. Well och Klima-an Ëmweltzerstéierung schafe sozio-ekonomesch Ongerechtegkeeten.

Fir datt jiddwereen zu Lëtzebuerg gutt liewe kann, fir den Zesummenhalt ze stäerken, brauche mir Verdeelungs-a sozial Gerechtegkeet. Mir brauchen ökologesch Gerechtegkeet, wou deen, dee vill polluéiert, och dofir bezilt. Mir brauche Gerechtegkeet tëschent de Generatiounen.

Dofir kann een Ongerechtegkeet net duerch vereenzelt Mesurë bekämpfen. Mir mussen op ville Plazen aktiv ginn. Mir mussen:

  • De Steiersystem méi gerecht opstellen
  • Méi Klimagerechtegkeet schafen
  • Eis natierlech Ressourcë fir zukünfteg Generatiounen erhalen
  • Fir muer virsuergen duerch Investitiounen an d‘Zukunft
  • Jidderengem virum Gesetz Gerechtegkeet erméiglechen
  • Abordabelen, ëffentlechen an nohaltege Wunnraum schafen

Méi dozou hei am Pressedossier.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don