28. Februar 2022
Wéini?: 28. Februar 2022, 19h00-20h30
Wou? Är eege Stuff, bäigeschalt iwwert Zoom* oder Facebook
Sprooch: Lëtzebuergesch
Mat der Attack op d’Ukrain brécht Russland mat internationalem Recht a mat den elementaarste Reegele vun der internationaler Uerdnung. D’Kampfhandlungen an der Ukrain hunn Auswierkungen déi wäit iwwert d’Ukrain erausginn a sech a ganz Europa an op ville Plazen op der Welt wäerte bemierkbar maachen.
Wéi ass d’Sécherheetssituatioun an der Ukrain aktuell? Wéi wäit geet de russesche President? Wat fir een Impakt huet de Konflikt op d’Friddensuerdnung an Europa? Wéi kënne mir d’Bierger:innen an der Ukrain ënnerstëtzen? Wat sinn d’Konsequenzen op d’Energiepräisser an d’Versuergungssécherheet?
Iwwert dës Froen an d’Froen aus dem Publik diskutéieren de
François Bausch, Vize-Premier a Verdeedegungsminister,
Claude Turmes, Energieminister
&
Stéphanie Empain, Presidentin vun der Chamberkommissioun fir bannenzeg Sécherheet a Verdeedegung