7. Mai 2024
Äntwert op d’parlamentaresch Fro vum Joëlle Welfring iwwert d’Resultater vum Waasserdësch un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit.
Fir d’Diversifikatioun vun der Landwirtschaft virunzedreiwen an de Geméis- an Uebstbau ze favoriséieren, ass et onëmgänglech fir zesumme mat de landwirtschaftleche Betriber Léisungen auszeschaffen fir innovativ an effizient Reewaasser-Notzungssystemer en place ze setzen.
De 26. Januar 2021 hunn déi deemoleg Ëmweltministerin an den deemolege Landwirtschaftsminister sech mat de landwirtschaftlechen Acteuren um Waasserdësch getraff, fir zesumme Mesuren am Waasserberäich ze diskutéieren, déi de Produzent:innen entgéint kommen an zugläich eis national Waasserressourcë schützen.
Wärend dëser Reunioun gouf decidéiert eng Etüd ze lancéiere fir Piste fir d’nohalteg Notzung vu Waasser an der Landwirtschaft, d’Innovatiounsméiglechkeeten an dësem Beräich, an d’Implikatioune vun der Notzung vun dësem Waasser fir aner Beräicher (wéi de Naturschutz oder d’Autorisatiounsregimmer) wëssenschaftlech ze beliichten .
Och gouf decidéiert fir Pilotprojeten ze lancéieren, dëst mam Zil fir, op Basis vu wëssenschaftlechen Donnéeën, Léisunge kënnen auszeschaffen, déi vun aneren Acteuren an der Landwirtschaft an am Gaardebau kéinten iwwerholl ginn (z.B. eng effizient Notzung a Reutilisatioun vu Waasser, d’Opfänken a Stockage vu Waasser, a landwirtschaftlech Praktiken déi am Aklang mam Waasserschutz sinn).
An dësem Kontext erlaben ech mer et follgend Froen un den Här Minister ze stellen :