11. Juni 2024
Äntwert op d’parlamentaresch Fro iwwert d’Waardelëschte bei de Kompetenzzentren un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Am Joer 2018 ass den aktuelle System vu Kompetenzzentre gegrënnt ginn, mam Zil fir d’Inklusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen an eisem Bildungssystem ze verbesseren. Déi oft ze laang Delaie bei der Prise en charge a beim Diagnostik vun de Kanner waren ee vun den Haaptkritikpunkte bei der Evaluatioun vun de Kompetenzzentren, déi an de leschte Jore gemaach gouf. Hei mécht den Educatiounsministère Efforten, fir d’Prozeduren ze beschleunegen a Verbesserungen z’erreechen.
Eis gouf zougedroen, dass et a verschiddene Kompetenzzentren Waardelëschte géif ginn, respektiv dass Kanner wéinst engem Manktem u Plazen net oder net direkt kéinten en charge geholl ginn.
An der parlamentarescher Fro No 6295 aus dem Juni 2022 krut den Här Educatiounsminister schonn d’Fro gestallt, ob et esou Fäll gëtt. An der Äntwert huet de Minister awer keng kloer Ausso heizou gemaach. Hei ass ze bemierken, dass dës parlamentaresch Fro d’Suite vun enger erweiderter Fro zu dem selwechten Thema duerstellt, déi schonns am Juli 2021 an der Chamber debattéiert gouf, a wou déi selwecht Fro opgeworf gouf.
Déi national Inklusiounskommissioun (CNI) gëtt saiséiert mat all Demande fir eng spezialiséiert Interventioun oder Beschoulung. Si befënnt iwwert dës Demanden an decidéiert, wéi ee Kompetenzzentrum mat engem Diagnostik chargéiert gëtt.
An dësem Kontext erlaben ech mer et follgend Froen un den Här Minister ze stellen :
a) Wéi vill Kanner gi stationär an engem Kompetenzzenter oder an enger Antenn vun engem Kompetenzzenter betreit?
b) Fir wéi vill Kanner gouf eng ISA (intervention spécialisée ambulatoire) decidéiert?
c) A wéi ville Fäll huet d’CNI eng Berodung vum Léierpersonal (Conseil oder Guidance decidéiert, ouni zousätzlech direkt Interventioun vun enger drëtter Persoun beim Kand ?