Video „Een Dag ënnerwee mam Inneminister“ 

Question parlementaire

30. Mai 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vum Députéierten Meris Sehovic un den Här Premierminister zum Video „Een Dag ënnerwee mam Inneminister“

Den Inneministère huet viru Kuerzem de Video „Een Dag ënnerwee mam Inneminister“ op senger offizieller Homepage verëffentlecht, wou een dem Här Inneminister ka bei engem Schaffdag nokucken. De Video enthält gréisstendeels Elementer vu Selbstduerstellung a keng Informatiounen zu Inhalt a Politik vum Inneminister oder der  Regierung.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Här Premierminister follgend Froe stellen:

  • Mat wat fir engem Budget gouf d’Produktioun vum Video esou wéi de Sponsoring op de soziale Medie finanzéiert?
  • Fir de Fall, dass et sech ëm ëffentlech Gelder handelt, fënnt den Här Premierminister, dass et korrekt ass, dass Ministeren hir perséinlech Image-Fleeg mat ëffentleche Sue finanzéieren?

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don