Verstäerkt Kontrollen un den däitsche Landesgrenzen
Question parlementaire
10. September 2024
Urgent Fro vun eisen Députéierten Sam Tanson a Meris Sehovic iwwert déi verstäerkt Kontrollen un den däitsche Landesgrenzen un den Här Premierminister, den Här Ausseminister an den Här Inneminister weiderzeleeden.
Däi däitsch Inneministesch huet verstäerkt Kontrollen un allen däitsche Landesgrenzen annoncéiert, déi de 16. September ulafen a fir mindestens 6 Méint undauere sollen. Als Grond fir dës verstäerkt Grenzkontrolle ginn d’Begrenzung vun irregulärer Migratioun an de Schutz vun der bannenzeger Sécherheet virun den aktuelle Bedrohungen duerch den islamisteschen Terrorismus a viru grenziwwerschreidender Kriminalitéit genannt.
Och wann ugekënnegt gouf datt keng Kontrollen op de Brécken zu Lëtzebuerg duerchgefouert wäerte ginn an datt onnéideg Beanträchtegungen op Pendler vermidde wäerte ginn, wäerten dës verstäerkt Kontrollen en Impakt op d’Leit hunn déi all Dag op Lëtzebuerg fueren a schaffe kommen an ëmgedréint.
An dësem Kontext erlabe mir eis et follgend Froen un d’Häre Ministeren ze stellen :
- U wei enge spezifesche Grenziwwergäng tëscht Lëtzebuerg an Däitschland ginn dës Kontrollen duerchgefouert?
- Zu wei engen Dageszäiten wäerten dës Grenzkontrolle stattfannen, a wei wäert séchergestallt ginn datt dës Kontrollen net wärend den Haaptverkéierszäiten oder Stousszäiten duerchgefouert ginn fir zousätzleche Stau fir Grenzpendler ze vermeiden?
- Huet d’Regierung Kenntnis dovu wéi déi däitsch Police tëscht Grenzpendler a net-Grenzpendler ënnerscheede wäert? Wei eng Auswierkungen erwaart sech d’Regierung op d’Pendler déi grenziwwerschreidend schaffen oder liewen, a wei sollen dës Auswierkunge minimiséiert ginn?
- Wei wäert d’Regierung op méiglech Doleancë vu Leit a Betriber reagéieren déi duerch dës Grenzkontrolle beanträchtegt ginn? Wäert et an dësem Kontext eng spezifesch Ënnerstëtzung gi fir Grenzgänger fir sécherzestellen datt dës weiderhin problemlos op d’Aarbecht pendele kenne falls d’Grenzkontrolle länger als erwaart daueren?
- Wei eng Schrëtt goufe vun der Regierung ënnerholl fir sécherzestellen, datt dës ukënnegt Grenzkontrollen déi wirtschaftlech a sozial Integratioun an der Grenzregioun net negativ beaflossen? Gedenken den Här Premierminister an den Här Ausseminister an dësem Sënn bei hiren däitschen Homologen ze intervenéiere ?
- Huet d’Regierung Bedenken datt dës Grenzkontrollen d’Vertrauen an d’Schengen-Reegelen an d’Reesfräiheet an der EU ënnergruewe kennen? Falls jo, wei eng Moossnamen gedenkt d’Regierung an dësem Kontext op europäeschem Niveau ze ergräife fir d’Situatioun ze verbesseren?
- Wei gedenkt d‘Regierung mat eventuell zeréckgewisen Flüchtlingen ëmzegoen ?
Parlamentaresch Fro