Verstäerkt Kontrollen un den däitsche Landesgrenzen
Question parlementaire
18. September 2024
Urgent Fro vun eisen Députéierten Sam Tanson a Meris Sehovic iwwert déi verstäerkt Kontrollen un den däitsche Landesgrenzen un den Här Ausseminister, den Här Inneminister an d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.
Nom Ulafe vun de Grenzkontrollen duerch déi däitsch Police erlabe mir eis, follgend Froen un d’Hären an d’Madamm Ministeren ze stellen :
- Op wéi enge Grenziwwergäng hu bis zum Zäitpunkt vun der Äntwert vun de Ministere stationär Grenzkontrolle stattfonnt? Op wéi enge Plaze gi mobil Kontrollpunkte bedriwwen?
- Wéi sinn d’Auswierkungen op den Trafic vun dëse Grenzkontrollen? Wéi vill Stau ass bis elo duerch dës Kontrolle provozéiert ginn?
- No wéi enge Krittären decidéieren d’Beamt*innen ob en Auto „opfälleg“ ass oder net?
- Intervenéieren d’Minister*inne bei hiren däitschen Homolog*inne fir dëser Aktioun en Enn ze bereeden?
Parlamentaresch Fro