13. Mai 2024
Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic un d’Madamm Mobilitéitsministesch an un den Här Tourismusminister weiderzeleeden.
De 7. Abrëll 2024 huet d’ADFC Vëlosfoire „Rad+Freizeit 2024“ am Rhein-Sieg-Forum zu Siegburg an Däitschland stattfonnt. Den ADFC Bonn/Rhein-Sieg ass ee vun de gréisste Kreesverbänn vum ADFC („Allgemeiner Deutscher Fahrrad-Club“) mat iwwert 7.000 Memberen a setzt sech säit 1979 fir den Interessi vun de Vëlosfuerer*innen zu Bonn an um Rhein/Sieg-Kreis an. Dëst Joer war Lëtzebuerg, als villsäitegt Vëlos-, Wander- a Kulturgebitt, fir d’zweete kéier no 2003 offiziell Partnerregioun vun der gréisster Vëlostourismusfoire an Nordrhein-Westfalen. D’Foire selwer konnt 100 Aussteller aus 6 Länner, souwéi 4.000 Visiteuren am Kongresszentrum begréissen. Och Lëtzebuerg war als Partnerland mat engem grousse Stand präsent.
An de lëschte Joren huet sech Lëtzebuerg staark op de Vëlostourismus konzentréiert an huet seng flächendeckend Infrastruktur fir de Vëlo mat iwwert 600 Kilometer Vëlosnetz attraktiv ausgebaut. D‘Editioun vun 2024, déi am Zeeche vum Haaptpartnerland Lëtzebuerg stoung, gouf offiziell vum Verkéiersminister vun NRW, zesumme mam Buergermeeschter vu Bonn-Siegburg, opgemaach.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministere follgend Froe stellen: