TRIBUNE LIBRE RADIO – 29.11.21 – CARLO BACK – ATOMENERGIE & KLIMASCHUTZ

Article de presse

1. Dezember 2021

Atomenergie ass keng Klima-Léisung, mee en zousätzleche Problem

Zanter 2 Joer ass d’Atomenergie no langer Paus nees méi present an de politeschen Diskussiounen, speziell an eisen 3 Nopeschlänner:

– D’Belsch Regierung wëll bis 2025 hier 7 Atomreakteren ofschalten;

– Däitschland wäert schonns an 13 Méint säi läschte Reakter ofschalten;

– …a Frankräich wëll ëmmerhin seng Ofhängegkeet vum Atomstroum vu 75 op just 50 % senken.

A Frankräich lafen awer och d’Virbereedunge fir bestoend Reakteren op 50 Joer oder méi ze verlängeren. An de President Macron huet de Bau vu 6 neie Reaktere vum Typ EPR-2 an och d’Entwécklung vun enger neier Wonnerwaff – engem „Small Modular Reaktor“ – ugekënnegt. Well OUNI den Nucléaire kéinte mer de Klimawandel nik bekämpfen.

Ass dat wierklech esou? Kann d’Atomenergie eis tatsächlech virum Klimawandel retten ? D’Äntwert ass natierlech Nee.

En Atomreakter verursaacht am Betrib zwar wéineg Zäregasen, mee iwwert de ganze Liewenszyklus ass dëse Bilan onbekannt. Mee dat ass och goer nik de Punkt. D’Atomenergie ass nämlech en zousätzleche Problem! Se ass ze geféierlech, weder nohalteg nach erneierbar, a vill ze vill loes fir kënnen eng Klima-Léisung ze sënn. An och ze deier.

D’Konsequenze vu Fukushima ginn op bis zu 758 Milliarden Dollar geschat, d‘Botzaorbechte solle 40 Joer daueren. An no 75 Joer Atomzäitalter gëtt et nach ëmmer kee séchert Endlager fir de radioaktiven Offall.

Atomkraaft ass de geneeë Contraire vun Nohalteger Energie. An en zousätzleche Problem.

2018 gouf d‘Atomfirma Areva vum franséische Staat virun der Faillite gerett. EDF huet iwwer 40 Milliarde Scholden, muss 100 Milliarde fir d’Laafzäitverlängerung vu senge Reakteren investéieren, an den EPR 1 Reakter ass scho 15 Joer am Bau, a laut Cour des Comptes, een „Industriedebakel“ vun iwwer 19 Milliarden Euro.

Fir des onschéi Fakte schnell vergiess ze maachen, huet de President Macron vun der COP26 profitéiert, an nees en neien Atomprogramm presentéiert. Elo soll den „EPR-2“ et riichten. Mee wéi gesot: De Virgänger ass zanter 15 Joer am Bau a 5 mol méi deier wéi geplangt. An d’Wonnerwaff Mini-Reakter gëtt et mol nach nik um Pabeier.

An der Klimakris hëllefen eis keng onsécher Atom-Versprieche fir 2040 an dono. Mir brauche propper a schnell ëmsetzbar Klima-Léisungen iwwert déi nächst 10-15 Joer.

Fir déi gréng ass et dofir méi sënnvoll, des Atom-Milliarden an d’Erneierbar Energieproduktioun, an a propper Späichertechnolgien, ze investéieren. D’Erneierbar Energië produzéieren nämlech hakt schonns bäi wäitem méi Stroum wéi Atomkraaft, a se si méi bëlleg. Si kënnen och direkt agesat ginn.

D’Atomenergie ass keng Klima-Léisung, se ass just en zousätzleche Problem !

 

D’Tribüne lauschteren >>

 

 

 

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don