Tribune libre : Dem Putin säin Ugrëffskrich op d’Ukraine an d’Konsequenze fir eis Sécherheetspolitik

Articles de presse

7. März 2022

Zënter lo enger gudder Woch befannen mir eis an enger neier Welt. De Putin säin Krich stierzt Ukrain an ee fuerchtbaart Leed.

Dem Putin seng Invasioun stellt vun den internationalen Bezéiungen bis zu eise wirtschaftleche Bezéiungen villes a Fro.

Virun allem gi mir eis schmerzlechst bewosst, dass Fridden eppes ganz Fragiles ass, näischt Selbstverständleches.

Déi westlech Länner sinn an enger neier Situatioun: se hu missten agéieren an engem Konflikt, deen de Putin iwwer Joren opgebaut huet an deen ni drop ausgeluecht war, diplomatesch geléist ze ginn. Dat ass eng batter Pëll déi mir haut schlécke mussen: Wann een matt Diktatoren wéi dem Putin ze dinn huet, da gëllen d’Reegelen vun der Diplomatie net méi.

Wat mécht dat do alles mat der weltwäiter Sécherheetsuerdnung? Wéi wäert China sech an Zukunft op déi nei Situatioun astellen? Riskéiere mer erëm an eng Well vu nuklearer Oprüstung ze geroden? Komme mer allgemeng erëm an eng Spiral vun der Oprüstung?

D’Äntwerten heiroper schéngen sech ofzezeechnen: Mir sinn an engem „New Normal“ ukomm.

Alles ännert sech:

d’NATO, déi bis viru kuerzem nach vill an der Kritik stung, huet elo eng nei Daseinsberechtegung kritt, d’Finnen an d’Schweden réckelen aus Suerg vrun engem aggressive Noper  méi no un d’NATO erun,

D’EU huet sech a kierzester Zäit zu engem eeschtzehuelenden Acteur op der Weltbühn etabléiert Däitschland wëll massiv oprüsten, EU-Länner liwwere Waffen…

An och Lëtzebuerg bedeelegt sech u Liwwerungen vun defensivem Material. An dat ass richteg esou: an desem Konflikt gëtt et keng Neutralitéit. Wien aus engem falsche Friddensgedanken eraus refuséiert d’Ukrainer mat Material ze ënnerstëtzen, deen ënnerstëtzt den Oppressor Putin.

Eise Sécherheetsbegrëff wäert och nei definéiert ginn:

Resilienz ass elo de grousse Begrëff, also eis Widerstandsfähegkeet, net just an der Défense, mee och an allen anere Beräicher déi eis national Sécherheet betreffen.

Eis Liwwerketten mussen iwwerduecht ginn, kritesch Gidder mussen erëm méi an Europa produzéiert ginn

Alle virop eis Energieversuergung :

Wien sech lo op der Klimafront nach net motivéiert genuch gefillt huet, fir Richtung erneierbar Energien ze investéieren, deen dierft elo genuch geopolitesch Ureizer hunn, e puer Schëppe bäizeleeën

Mir gesinn elo op dramatesch Aart a Weis, a wéi eng Sakgaass mer eis manövréiert hunn, andeems mer eis esou ofhängeg vu fossillen Energien an eben och russeschem Gas gemaach hunn.

Hei an haut gesi mir, dass et hei bei wäitem net just em Klimapolitik geet, mee em eis Sécherheet. Et geet em eis Souveränitéit. Erneierbar Energien sinn en Deel vun nationaler Sécherheet.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don