1. Dezember 2025
Äntwert op d’parlamentaresch Fro vum eisem Députéierten Meris Sehovic zum Tramsarrêt zu Steebrécken/Wickreng un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten.
Ufanks der leschter Woch huet d’Ministesch fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten eng adaptéiert Versioun vum “Séieren Tram” virgestallt, déi en neie Pôle d’échange Steebrécken/Wickreng virgesäit. Dëse Pôle gëtt domat justifiéiert, datt an der direkter Proximitéit en neien, grousse Centre commercial entsteet, dee wichtege Verkéiersfloss generéiere wäert.
An dësem Kontext stellt sech d’Fro no der Roll vu private Promoteuren oder Entwéckler beim Finanzement vu grousse Mobilitéitsinfrastrukturen, déi an direkter Relatioun mat hirem Projet stinn. An anere Länner – dorënner zum Beispill d’Schwäiz – gëtt an esou Fäll heefeg eng Kofinanzéierung oder Participatioun vum private Promoteur virgesinn, fir d’ëffentlech Käschten deelweis ze kompenséieren.
An deem Zesummenhang wéilt ech Iech follgend Froe stellen: