19. September 2024
Parlamentaresch Fro vun eiser Députéierten Djuna Bernard iwwert d’Tablet-Computeren an de Lycéeën un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend .
Am Kader vun der Strategie “one2one” verfollegt den Educatiounsministère d’Zil, fir d’Aféiere vu mobile Geräter wéi Tablet-Computeren am Secondaire ze verallgemengere fir dës als pedagogeschen Outil kënnen ze benotzen. Fir dëse Projet ze begleeden huet de Centre de Gestion informatique de l’éducation (CGIE) en Akafsprogramm iwwert eng Rei Jore lancéiert. D’Bereetstelle vun de Geräter un d’Kanner a Jugendlech baséiert op engem Locatiounsmodell mat enger finanzieller Bedeelegung vun den Elteren an Héicht vu 50 Euro pro Schouljoer.
Eisen Informatiounen no hunn zur Rentrée a verschidde Lycéeën nach net all déi nei Schüler*innen en entspriechend Gerät kënnen zur Verfügung gestallt kréien, an dat obwuel si an enger sougenannter “Tablet-Klass” sinn. Eltere vun de concernéierte Schüler*innen kruten op Nofro hi gesot, dës Geräter solle viraussiichtlech am November ukommen an et hätt budgetär Grënn, dass si aktuell nach géife feelen.
Doriwwer eraus goufen et eisen Informatiounen no och Changementer bei der finanzieller Prise en charge, wann Tablet-Computere verluer oder zerstéiert ginn. Wärend an der Vergaangenheet d’Elteren hei eng pauschal Franchise vun 100€ a Rechnung gestallt kruten, missten si elo de Reschtwäert rembourséieren, deen sech op e Villfacht vun dem Montant ka belafen. Och hei kruten Elteren op Nofro hi gesot, dëse Changement wier op budgetär Grënn zeréckzeféieren.
An dësem Kontext erlaben ech mer follgend Froen un den Här Minister ze stellen :