Stagen am Secondaire

Réponse QP

10. Juni 2025

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vum Djuna Bernard iwwert Stagen am Secondaire un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Stagë si fir d’Schüler*innen eng Méiglechkeet, hir Fäegkeeten duerch e praktesche Kontext ze erweideren, wat si op d’Beruffswelt virbereet. Dës realitéitsno Erfarung  kann dobäi hëllefen hir kognitiv Fäegkeeten ze stäerken a hir sozial Kompetenzen ze fërderen. Andeems Schüler*inne mat berufflechen Aufgaben a Kontakt kommen, entwéckele si Selbststännegkeet an e Gefill fir praktesch Aufgaben, déi hinnen an hirer perséinlecher a berufflecher Zukunft hëllefräich kënne sinn.

Stagë vun enger Woch (sougenannt “Schnupperstagë”) si fir Schüler*innen am Enseignement secondaire général (ESG) obligatoresch. Fir d’Schüler*innen aus dem Enseignement secondaire classique (ESC) sinn dës Stagen optional.

Eenzel Lycéeë bidden haut scho Programmer un, fir hir Schüler*innen aus dem ESC ze encouragéieren an dobäi ze ënnerstëtzen, Schnupperstagen ze absolvéieren.

An dësem Kontext erlaben ech mer follgend Froen un den Här Minister ze stellen :

  • Wat fir Effekter hunn déi obligatoresch Schnupperstagen op d’Beruffsvirbereedung vun de Schüler*innen am ESG? Goufen dës Stagë schonn evaluéiert a wa jo, wat sinn d’Resultater vun der Evaluatioun? Wann nee, wäert de Minister eng Evaluatioun an d’Weeër leeden?
  • Firwat sinn d’Schnupperstagë fir Schüler*innen am ESC net obligatoresch?
  • Wier et net sënnvoll, och fir d’Schüler*innen am ESC en obligatoresche Schnupperstage anzeféieren, fir och hinnen eng éischt Erfarung an der Beruffswelt ze erméiglechen?
  • Wéi vill Lycéeë bidden haut scho Programmer, fir Schüler*innen aus dem ESC dobäi ze ënnerstëtze Schnupperstagen ze fannen an ze absolvéieren? Wéi vill Schüler*innen am ESC hunn duerch dës Programmer iwwert déi lescht 5 Joer vun engem fräiwëllege Stage profitéiert?
  • Wäert den Här Minister an Zukunft och aner Lycéeën encouragéieren, fir esou Programmer unzebidden?

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don