Sexuell Belästegung am ëffentlechen Transport

Réponse QP

14. März 2022

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eiser Deputéiert Jessie Thill zur sexueller Belästegung am ëffentlechen Transport un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten.

Aus enger Etüd aus dem Joer 2016 vun der franséischer Fédération Nationale des Associations d’Usagers de Transport (FNAUT) geet ervir, datt ronn 87% vun alle Fraen a Frankräich scho mat sexueller Belästegung am ëffentlechen Transport konfrontéiert gi sinn. Gläichzäiteg gëtt dovunner ausgaangen, datt d’Donkelziffer an dësem Beräich ganz héich ass, an ongeféier d’Hallschent vun alle Virfäll ni gemellt ginn.

Dës Ëmstänn beaflossen och dat generellt Sécherheetsgefill, virun allem vu Fraen, am ëffentlechen Transport. De franséischen Observatoire national de la délinquance et des réponses pénales (ONDRP) huet 2018 gemellt, datt ronn 51% vun alle Fraen a Frankräich sech net sécher fille wann se mat ëffentlechen Transportmëttel ënnerwee sinn. Als Reaktioun op dës Etüden hunn déi franséisch Transportentreprisen SNCF, Île-de-France Mobilités an RATP ënnert anerem en Nouttelefon fir Betraffener agefouert, e System en place gesat datt Passagéier Nuets kënnen tëschent zwee Busarrêten eraus gelooss ginn. Ausserdeem, gouf en erweiderten Ausbildungsprogramm fir hiert Personal opgestallt. Aus der FNAUT Etüd vun 2016 geet nämlech ervir, datt eng Sensibiliséierung fir dës Thematik vun deene Leit déi am Transportsecteur schaffe fir déi Betraffen de gréissten Ënnerscheed mécht.

An dësem Kontext wéilt ech gäre folgend Informatioune kréien:

  • Leien dem Här Minister Zuelen zur sexueller Belästegung am ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg aus de leschte 5 Jore vir?
  • Ginn déi Leit déi hei zu Lëtzebuerg am Beräich vum ëffentlechen Transport schaffen am Laf vun hirer Formatioun op dësem Sujet sensibiliséiert? Wa jo, wéi genee gëtt dëst gemaach? Wann nee, gedenkt den Här Minister an Zukunft dëst an hier Formatioun ze implementéiere respektiv eng Zousazformatioun ze proposéieren?
  • Wat fir aner Mesurë sinn an der Vergaangenheet scho geholl ginn, fir esou Virfäll ze miniméieren an den Ëmgang domadder ze verbesseren?
  • Wat kéint den Här Minister sech an Zukunft u weidere Schrëtt virstellen?

Parlamentaresch Fro

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don