11. März 2022
Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierte François Benoy a Jessie Thill un d’Dammen an Häre Ministere fir Gesondheet, fir Emwëlt, fir Energie a fir d’Affaires étrangères zur Sécherheet vun den ukraineschen Atomreakteren a Krichszäiten.
No der Besetzung vun der Evakuatiounzone an der zerstéierter Atomzentral vun Tschernobyl virun enger Woch, hunn ons elo dës Nuecht weider erschreckend Nouvellen zu Kämpf ronderem ukrainesch Atomreaktren ereecht. Bei de Krichhandlungen ronderem d’Atomkraaftwierk Saporischschja, dat gréisstent AKW an Europa, koum et de Medieberichter no och zu Schëss vu Panzer an zu Bommenaschléi op Deeler vun dëser Zentral am Südoste vun der Ukrain. Den offiziellen Informatiounen no, gouf kee vun de 6 Reakteren selwer getraff, mee e Bürosareal an e Labo wou, et zu engem Brand komm ass. Et wären awer keng Affer ze bekloen, d’Feier wär an der Tëschenzäit ënner Kontroll, et wär keng radioaktiv Strahlung ausgetratt an d’AKW wär elo ofgeschalt.
Souguer wann et sech net sollt em eng geziilten Attak op dës Atomanlag handelen, mee «nëmmen» ëm e militäresche Feeler, mécht dat d’Situatioun net manner beonrouegend an och net manner geféierlech. Schliisslech erënnert Lëtzebuerg sech nach gutt un déi bis dato schlëmmsten Atomkatastroph am Abrëll 1986 zu Tschernobyl, an déi enorm radiologesch Konsequenzen fir ganz Europa. Och en ofgschaltent AKW bleiwt nämlech geféierlech. Och ouni Produktioun muss d’Stroum- a Waasserversuergung garantéiert bleiwen, fir d’Killung vun den aktiven an vun den alen Brennstiew ze garantéieren, dat heescht souwuel vum Reaktorkär, wéi och vun de Ofkléngbecke mat den ale Brennstiew déi bautechnesch dacks manner gutt ofgeséchert sinn.
Dëse Virfall weist ganz däitlech, datt ee bei Atomanlagen uechtert d’Welt och ëmmer den direkte militäresche Risiko muss mat abezéien. Grad den Zenario vun enger militärescher Bedrohung gëtt awer an den offizielle Risikoanalyse beim Bau vun AKW meeschtens ignoréiert. An esouguer wann dësen Zenario gekuckt gouf, sinn d’Conclusiounen an der Regel – wéi a Frankräich – als «Secret Défense» agestuft, also streng geheim. D’Attack op déi gréissten Atomzentral an Europa beweist elo méi wéi däitlech, datt a Krichszäiten d’Atomreaktere nach méi e grousse Problem sinn, an déi souwisou schons dramatesch Auswierkungen vum Krich am schlëmmste Fall nach kéinten europawäit multiplizéieren.
An dësem Zesummenhang wéilte mir gäre folgend Informatioune kréien: