25. August 2025
Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisen Députéierten Djuna Bernard an Meris Sehovic iwwert d’Sécherheet vu Kanner am Stroosseverkéier ronderëm Grondschoulen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit weiderzeleeden.
Am Kader vum “Zuch vun der Demokratie”, enger Aktivitéit organiséiert vum Zentrum fir politesch Bildung, huet d’Klass 3.2.B aus der Batty Weber Grondschoul vum Lampertsbierg de Wonsch formuléiert, en Tempolimitt vun 20 km/h am Ëmkrees vun hirer Schoul aus Sécherheetsgrënn anzeféieren.
D’Initiativ “Séchere Schoulwee” vun de Gemengen ass begréissenswäert, mee gëtt fakultativ an net verpflichtend duerchgefouert. Dëst stellt d’Fro no enger koordinéierter an nationaler Approche fir d’Sécherheet vu Schoulkanner am Stroosseverkéier.
An dësem Kontext erlabe mir eis follgend Froen ze stellen :