8. Juli 2020
Interventioun vum gréngen Deputéierte Marc Hansen am Kader vun der Aktualitéitsstonn vum 8. Juli 2020 iwwer eng Corona-Tracing-App an der Chamber.
Här President, Léif Kolleeginnen a Kolleegen,
Déi Gréng verstinn, datt eng technologesch Léisung fir de Virus-Traçage verlockend klengt, mee se kann ni déi digital Wonnerléisung sinn, déi Verschiddener sech erhoffen. Esou Tool’en kennen souguer kontraproduktiv sinn. Et besteet e reelle Risiko vu falscher Sécherheet an domat de Risiko, datt déi wichteg Distanzmesuren, d‘Hännwäschen an d‘Mask-droen vernoléissegt ginn.
Dofir si mär op der selwechter Linn wéi d’Gesondheetsministesch: Den effikassen Traçage ass de manuellen Traçage.
Beim mënschlechen Traçage, wou déi betraffe Leit telefonesch kontaktéiert ginn, gëtt zesumme gekuckt mat wiem se wou a wéi laang a Kontakt wuaren. Et kann een nofroen, wéi no se waren an ob de Kontakt mat oder ouni Mask wuar. Informatiounen déi ee mat där anerer Persoun iwwerpréiwe kann. Esou kënne gréisstendeels falsch positiv Warnungen ausgeschloss ginn.
Jo, den manuellen Traçage ass méi opwänneg, a kascht Zäit. Ausserdeem, ass duerch den Déconfinement, wou d’Leit erëm méi Kontakter hunn, d’Kapazitéit vun der maximaler Unzuel vun Traçagen pro Dag vu Mee op Juli vun 300 op em di 60 gefall.
Feieren a Party‘en mat 100 Leit maachen de manuellen Traçage schwiereg, och well déi sech net onbedéngt all kennen.
Mär hunn deemno 2 Méiglechkeeten:
Déi 1. wär, well mer elo nees no un der Limite vum manuellen Traçage pro Dag sinn, direkt eng digital Tracing App anzeféieren, just well aner Länner dat och maachen, ouni ze wëssen, op deen Tool iwwerhaapt eng sanitär Plus Value bréngt, a mam Risiko vu falscher Secherheet.
Déi 2. wäer, datt mer wéinst de steigenden Infektiounen duerch méi – an dacks onvirsiichteg – Kontakter, dës Kontakter erëm reduzéieren a gläichzäiteg d’Ressources Humaines fir den manuellen Tracage erhéijen. Dofir och meng Fro un d’Ministesch: Wéi vill Leit schaffe momentan am Tracing, a gi weiderer agestallt ?
Här President
Mär hunn de 7 Mee eng Motioun gestëmmt déi e klore Kader setzt, wéini an wéi Lëtzebuerg eventuell op de Wee vun enger Tracing App kéint goen. Des Argumenter sinn nach ëmmer valabel.
Och wann z.B. déi däitsch App mat hirer dateschutzkonformer Architektur, an déi richteg Richtung geet, sinn aner Fuerderungen aus der Motioun net erfëllt.
Virun allem feelt den europäesche Kontext an d‘Interoperabilitéit teschend deene verschiddenen Appen, wat fir Lëtzebuerg awer en essentielle Besoin ass. An dat aus 2 Grënn.
Engersäits, well soss d’Frontalieren misste mat mindestens 2 App’en schaffen, hirer eegener an däer Lëtzebuerger.
An anerersäits, besteet dee selwechte Problem fir d’Lëtzebuerger Residenten. Mär hu schliisslech eng ganz mobil Populatioun, déi sech net just um Lëtzebuerger Territoire beweegt.
Eng APP soll och fir eis spezifesch Lëtzebuerger Situatioun funktionéieren.
Här President,
Ofgesinn vum héije Bevëlkerungsdeel deen d‘App muss benotze, fir datt se d’Epidemie kann andämmen – déi vill-zitéiert Oxfordstudie schwätzt vu knapps 60% – kënnt nach d‘Noutwennegkeet dobäi, datt d‘Leit se och systematesch a richteg benotzen.
Wéi effikass ass d’APP wann d’Leit trotz Virus-Kontakt keng Warnung kréien, well etlech Persounen hier Infektioun an der APP net uginn ?
Oder wat ass, wa Leit 3 Mol bannent 10 Deeg eng Warnung kréien, sech teste loossen, mee all Kéiers negativ sinn ?
Mengt der net d’Motivatioun fir d‘App weider korrekt ze notzen géif vu Kéier zu Kéier ofhuelen ?
Mär Gréng gesi bei esou APPen awer och e grousse gesellschaftleche Risiko, deen duerch déi schlecht Effikassitéit verstäerkt gëtt. Diskussiounen am Ausland weisen, datt direkt den Drock wiisst fir d‘App obligatoresch an manner anonym ze maachen. Oder, fir se zumindest INDIREKT obligatoresch ze maachen, fir däerfen an d’Geschäfter, de Restaurant, de Fliger, bei eng Administratioun oder op d‘Aarbecht ze goen.
Dat wäer e Verloscht u Fräiheet an e Schrëtt a Richtung Iwwerwaachung.
Nieft dem Efficacitéitsproblem gëtt et awer och déi sozial Problemer. Etlech Handye sinn ze al fir d‘APP. Fir Däitschland schätzt z.B. Telekom datt just 65% vun de Leit se kënne notzen.
Net all Mënsch kann sech awer de neiste kompatibele Modell vun Handy leeschten an nach anerer ginn net onbedéngt mat engem Smartphone eens, dorënner grad déi vulnerabel eeler Persounen.
Et besteet de reelle Risiko, dat esou eng Tracing App haaptsächlech vun de souwisou méi sensibiliséierte a sozial favoriséierte Leit genotzt gëtt, an déi Defavoriséiert, déi dacks och nach op méi enkem Raum zesumme wunnen, dess APP net kënnen notzen.
Mär Gréng bleiwen deemno der Iwwerzeegung, datt de manuellen Traçage wesentlech méi korrekt a präzis Resultater liwwert. Mär mussen deemno elo alles dru setzen fir d‘Zuel vun de méiglechen Traçagë pro Dag erop ze schrauwen.
Nëtzlech wär eventuell eng App just da wa se Hand an Hand mam manuellen Tracage kéint goen. Wann eng App och dem Gesondheetsministère kéint Kontaktdonnéeë vun de Persounen liwweren déi musse gewarnt ginn, kéint de manuellen Traçage dovu profitéieren. Et kéint wäertvoll Zäit gewonne gi, fir d’Infektiounsketten méiglechst fréi ze ënnerbriechen an trotzdeem de perséinleche Kontakt bäibehale ginn.
Op dat awer schnell, grenziwwerschreidend a virun allem dateschutzkonform méiglech ass, bleift nach ze beweisen.
Ech soen äech Merci.
(Am Zweiwel zielt dat geschwate Wuert.)