Rassistesche Virfall op engem Kommissariat vun der Police souwéi d’Verbreede vu Videoen aus dem Policealldag

Réponse QP

7. August 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert e rassistesche Virfall op engem Kommissariat vun der Police souwéi d’Verbreede vu Videoen aus dem Policealldag un den Här Innenminister .

An der Press ass aktuell ze liesen, dass e Video um Internet zirkuléiert, deen e rassistesche Virfall op engem Kommissariat vun der Police weist. Op dësem Video wier ze héieren, wéi Beamt*inne sech iwwert e Police-Stagiaire, deen déi duebel Nationalitéit huet a scho fir déi franséisch Police geschafft huet, respektiv dësem säi franséischen Accent lëschteg maachen. Et wieren och nach aner Kommentarer gefall, déi de Stagiaire erdroe misst.

Et ass keen Eenzelfall, dass e Video aus dem Policealldag am Internet lant. Ëmmer erëm kennt et vir, dass Videoen an de sozialen Netzwierker landen, déi vu Policebeamt*inne wärend hirer Aarbechtszäit gefilmt ginn.

An dësem Kontext erlaben ech mer follgend Froen un den Här Minister ze stellen:

  • De Pressebüro vun der Police huet de rassistesche Virfall schonn denoncéiert, an de Parquet an d’Inspection générale vun der Police enquêtéiere schonn. Wat fir eng konkret Konsequenze sinn a Fäll wéi dësem fir déi responsabel Beamt*inne virgesinn?
  • Wat fir eng Moossname sinn en place, fir rassistesch Virfäll oder aner Forme vun Diskriminatioun bei der Police ze verhënneren?
  • Ass d’Filmen an d’Online-stelle vu Videoen aus dem Policealldaag am Aklang mam Code de Conduite vun der Police?

ParlamentareschFro

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don