7. August 2024
Parlamentaresch Fro vun eiser Députéierten Djuna Bernard iwwert de Projet “Supply4Future” vu Restopolis un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend.
Restopolis zerwéiert a sengen iwwer 100 Schoul- an Uniskantinnen all Joer iwwer 3 Millioune Platen. D’Gesetz vum 20 Juli 2023 huet Restopolis eng eege gesetzlech Basis ginn. Am Laf vun de parlamentarescher Prozedur gouf den entspriechende Gesetzesprojet, verglach mat senger éischter Versioun, substantiell weiderentwéckelt. Sou goufen d’Missioune vu Restopolis an de Beräicher Nohaltegkeet, Fairtrade, an Déierewuel gestäerkt, an et gouf e kloren Accent op den Akaf vu biologeschen a lokale Produite geluecht. Och d’Transparenz an d’Abannung vun der Schoulcommunautéit goufen am Laf vun der legislativer Prozedur gestäerkt, zum Beispill duerch de Comité d’accompagnement, deen an der éischter Versioun vum Text nach e reng interministerielle Comité war, mee deen duerch Amendementer erweidert gouf ëm Vertrieder*inne vun de Schüler*innen, Elteren an och de Student*innen.
Fir seng Verflichtungen am Beräich vun der Nohaltegkeet konkret ëmzesetzen huet Restopolis déi digital Plattform “Supply4Future” op de Wee bruecht. Si erlaabt et klenge wéi grouss Produzent*innen a Verkeefer*inne vu Liewensmëttel, hir biologesch a lokal Produiten u Restopolis ze verkafen. Dës Plattform an déi gesetzlech Verflichtunge vu Restopolis zum Akaf vu biologeschen a lokale Produiten si wichteg, well de Lëtzebuerger Staat hei an engem wichtege Beräich eng Virreiderroll anhëlt, a well si e Win-Win-Modell duerstelle fir d’Notzer*inne vu Restopolis, fir déi lokal Produzent*inne vu Liewensmëttel a fir eis Ëmwelt. Besonnesch wichteg ass och, dass beim Choix vun de Commanden d’Qualitéit vun de Liewensmëttel (biologesch, lokal) eng méi héich Gewiichtung kritt wéi de Präis.
Säit September 2023 ginn an enger Pilotphas 11 Schoulkantinnen iwwert d’Plattform “Supply4Future” versuergt. Ab der Rentrée 2024 soll d’Plattform an hir definitiv Phas goen an et solle mëttelfristeg all d’Kantinnen a Cafeteriae vu Restopolis iwwert dëse Wee beliwwert ginn.
An dësem Kontext erlaben ech mir, follgend Froen un den Här Minister ze stellen :