Placementer vu Kanner bei Fleegefamillen a Strukturen

Question parlementaire

12. November 2024

Parlamentaresch Fro vun eisen Députéierten Djuna Bernard an Sam Tanson iwwert d’Placementer vu Kanner bei Fleegefamillen a Strukturen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un d’Madamm Justizministesch.

D’Reforme vum Jugendschutz a Jugendstrofrecht gehéieren zu de wichtegste Gesetzer am Beräich Kanner a Jugend, déi am Laf vun dëser Legislaturperiod sollen ofgeschloss ginn. An dësem Gesetz ginn ënnert anerem d’Modalitéit vu Placementer gereegelt. Fir dës Aarbechten optimal kënne virzebereeden an ze begleeden, sinn eng Rei vun Informatiounen néideg.

An dësem Kontext erlabe mir eis follgend Froen zu de Placementer a Famillen ze stellen :

  • Bekennt sech d’Regierung zum prinzipiellen Engagement fir eng progressiv Eliminéierung vum Placement an Institutiounen a fir e Placement a Fleegefamillen?
  • Wéi vill Fleegefamille gëtt et aktuell zu Lëtzebuerg? Wéi huet sech dës Zuel iwwert déi lescht 10 Joer entwéckelt?
  • Wéi huet sech d’Zuel vu Placementer bei Fleegefamillen an de leschten zeng Joer entwéckelt?
  • Wéi huet sech d’Zuel vun de Kuerzzäitplacementer an bei Fleegefamillen an der selwechter Zäit entwéckelt?
  • Wat war déi duerchschnëttlech Dauer vun engem Placement bei enger Fleegefamill  iwwert déi lescht 5 Joren?
  • Wéi vill Réckféierungen aus enger Fleegefamill bei déi biologesch Famill goufen an de leschten 10 Joer probéiert? Wéi vill dovunner waren definitiv? Wéi laang hunn d’Réckféierungen déi net erfollegräich waren an der Moyenne gedauert?
  • Mussen d’Fleegefamillen reegelméisseg u Formatiounen deelhuelen? Wéi ass de Suivi vum ONE oder eventuellen “Agents régionaux” bei de Fleegefamille ugeduecht? Wéi kann eng Qualitéitskontroll assuréiert ginn?
  • Ginn d’Fleegefamillen op d’Konzept vun der “Sécherheetsorientéierter Praxis” (SOP) sensibiliséiert?

Zu de Placementer a Strukture stelle mir de Ministere follgend Froen:

  • Wéi vill Institutiounen gëtt et insgesamt am Klengkand-Beräich, am Kannerberäich an am Jugendwunnen? Wat ass den Duerchschnëttstaux vun der Beleeung?
  • Wéi huet sech dës Zuel iwwert déi lescht 10 Joer entwéckelt?
  • Wéi huet sech d’Zuel vu Placementer an Institutiounen an de leschten zéng Joer entwéckelt?
  • Wéi huet sech d’Zuel vun de Kuerzzäitplacementer an Institutiounen an der selwechter Zäit entwéckelt?
  • Wat war déi duerchschnëttlech Dauer vun engem Placement an enger Institutioun iwwert déi lescht 5 Joren?
  • Wéi vill Réckféierungen aus enger Institutioun bei déi biologesch Famill goufen an de leschten 10 Joer probéiert? Wéi vill dovunner waren definitiv? Wéi laang hunn d’Réckféierungen déi net erfollegräich waren an der Moyenne gedauert?
  • No wéi enge pedagogesche Methoden gëtt mat de Kanner wéi mat den Elteren geschafft? Ass d’Sécherheetsorientéiert Praxis (SOP), déi vum ONE favoriséiert Method? Wa jo – gëtt des an de Formatioune wéi der Qualitéitsentwécklung vermëttelt an encouragéiert?

Question parlementaire

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don