7. Februar 2021
D’Route nationale 7 (N7) verbënnt zënter ronn 40 Joren den Norde vum Land mat der Nordstad. No joerzéngtelaangen Debatte ronderëm d’Sécherheet an dee villen Trafic, mécht de grénge Mobilitéitsminister François Bausch elo Neel mat Käpp an huet der Chamber e konkrete Finanzéierungsprojet proposéiert.
Wat gëtt gemaach, fir d’Sécherheet an de Verkéiersfloss op der N7 ze verbesseren? Wéi gëtt fir eng Verkéiersberouegung an den Dierfer gesuergt? Wéi reie sech dës konkret Projeten an eis landesplaneresch a multimodal Visioun fir den Norden an?
Stellt är Froen an diskutéiert:
Facebook Event Online-Diskussioun 11.02.2021
Dir kënnt Är Froen och elo scho via Mail op greng@greng.lu eraschécken!
Oder Dir stellt Är Froen live op Zoom oder Facebook wärend der Diskussioun.