20. November 2024
Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eiser Députéierten Djuna Bernard iwwert Nuetscrèchen un den Här Educatiounsminister, den Här Minister fir den ëffentlechen Déngscht, den Här Aarbechtsminister an den Här Policeminister.
Zu Lëtzebuerg ginn et eng Rëtsch u Crèchen a Maisons relais’en fir Kanner. Dës Offer adresséiert sech allerdéngs virun allem un Elteren déi wärend de regulären Auerzäite schaffen. Vill Elterendeeler schaffen allerdéngs op Schichten oder maache Permanence, wat si virun eng Rei Erausfuerderunge stellt wat d’Kannerbetreiung ubelaangt. Sief et well keng aner Persoun op d’Kand oppasse kann, oder well et an der Ëmgéigend kéng Strukture gëtt, déi ausserhalb vun de regulären Auerzäiten owes op hunn.
D’reglementaresch Dispositiounen erlaben et den agreéierte Strukturen tëscht 5 Auer Moies an 23 Auer owes Kanner ze betreien. Well et aktuell keng Nuetscrèchen zu Lëtzebuerg gëtt, gräifen déi meescht betraffen Elteren op sougenannten “Dageselteren” wärend de betraffenen Auerzäiten zeréck. An dësem Zesummenhang huet och d’Presidentin vum Policesyndikat SNPGL an engem rezenten Interview um Radio d’Fuerderung gestallt no regionale Crèchë fir Kanner, deenen hir Elteren am ëffentlechen Déngscht an op Schichte schaffen, ewéi zum Beispill Polizisten oder Pompjeeën.
An dësem Kontext erlaben ech mer et follgend Froen un d’Häre Ministeren ze stellen :