Moossnamen, Initiativen a Mechanisme bei der Police fir LGBTIQ+ Persounen

Question parlementaire

28. Mai 2024

Parlamentaresch Fro vun eisen Députéierten Meris Sehovic an Joëlle Welfring un d’Madamm Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit an un den Här Inneminister weiderzeleeden.

D’Rechter an de Schutz vun LGBTIQ+ Persounen si fir eng inklusiv a gerecht Gesellschaft vun zentraler Bedeitung. Trotz grousse gesellschaftlechen a rechtleche Fortschrëtter si queer Mënschen nach ëmmer reegelméisseg an hirem Alldag Diskriminéierung ausgesat. Dëst war och d’Resultat vun enger rezenter Ëmfro vun der EU-Agence fir Grondrechter un där 100.000 queer Mënschen aus der EU deel geholl hunn an erauskoum ass, datt Diskriminéierung a Gewalt opgrond vun der sexueller, romantescher an/oder geschlechtlecher Identitéit an de lëschte Joren souguer zougeholl hunn. Et ass dofir essenziell datt virun allem staatlech Institutiounen an d’Police, eng Virreiderroll spille wann et em d’Bekämpfung vu Queerfeindlechkeet an ëm d‘Ënnerstëtzung vun der LGBTIQ+ Communautéit geet. Besonnesch d’Police kann duerch hir Ëffentlechkeetsaarbecht, Aus- a Weiderbildungen,  esou wei hirem strukturellem Engagement wichteg Zeeche setzen a Vertrauen opbauen.

An deem Zesummenhang wéilte mir de Ministere follgend Froe stellen:

  • Wéi eng Moossnamen, Initiativen a Mechanisme ginn et aktuell bei der Police fir LGBTIQ+ Persounen e bessere Schutz an e méi séchert Ëmfeld ze schafen? Wéi eng Schrëtt si geplangt fir d’Rechter vu queere Persounen am polizeileche Kontext besser ze schützen an ze fërderen?
  • Wei steet d’Regierung zu der Schafung vun engem nationalen Netzwierk fir queer Polizist.innen an ass ugeduecht datt Lëtzebuerg eng Memberschaft  bei der europäescher Daachorganisatioun fir queer Polizist.inne (EGPA) freet?
  • Ginn et Kooperatiounen a Partnerschaften tëscht der Police an LGBTIQ+ Organisatioune fir den Austausch an d’Zesummenaarbecht ze fërderen? Wa jo, wei gesinn dës aus?
  • Ass ugeduecht eng zentral Ulafstell fir queer Mënsche bei der Police, ewéi dëst schonn an anere Länner de Fall ass, an d’Liewen ze ruffen?
  • Ginn et spezifesch Aus- a Weiderbildungsprogrammer fir Polizist.innen wat d’Sensibiliséierung an d’Rechter vun LGBTIQ+ Persounen ubelaangt? Wa jo, wei oft ginn dës organiséiert a sinn dës obligatoresch oder op fräiwëlleger Basis?  
  • Wéi eng Moyenen an Instrumenter gëtt sech d’Police aktuell fir statistesch Donnéeën, am Bezuch op Diskriminéierungs- a Gewaltfäll opgrond vu sexueller Orientéierung an der Geschlechtsidentitéit vu Persounen, ze erhiewen ?

Parlamentaresch Fro

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don