Kuerzinterview mam Claude Adam iwwert eis Sprooch

Archive

27. November 2014

Haut gëtt an der Chamber iwwer d’Lëtzebuergesch diskutéiert. Wéi geet et eiser Sprooch?

Claude Adam: Et hunn nach ni esou vill Leit Lëtzebuergesch geschwat a geschriwwen ewéi haut. Déi nei Medien hu ganz vill dozou bäigedroen. Et hunn och nach ni souvill Leit Lëtzebuergesch geléiert ewéi haut. Mir wäerten der lëtzebuerger Sprooch eng Plaz an der neier Konstitutioun ginn. Dat war bis elo nach net de Fall. Déi lëtzebuergesch Sprooch ass esou lieweg wéi nach ni virdrun an eiser Geschicht.

Et hunn nach ni esou vill Leit Lëtzebuergesch geschwat ewéi haut, mä de perséinlechen Androck ass awer dax en aneren…

Claude Adam: Effektiv, d’Wahrscheinlechkeet, am ëffentleche Raum Leit ze begéinen, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen huet och zougeholl: Eis Populatioun ass zolitt gewuess, et komme vill Frontalier’en bei eis schaffen, a Lëtzebuerg ass och een attraktivt Zil gi fir Touristen aus der ganzer Welt. Dat alles mécht eise Wuelstand aus.

Et ginn awer Problemer mat der Sprooch, zum Beispill an de Spideeler an den Altersheemer…

Claude Adam: Dat ass richteg! Mir brauchen nu mol méi medezinescht Personal, wéi mer selwer kënne forméieren. Am ganze Secteur gi vill Efforte gemaach, datt déi Leit, déi hier Formatioun am Ausland gemaach hunn, déi Leit, déi mer dringend brauchen an déi kee Lëtzebuergesch schwätzen, eis Sprooch kënne léieren. Déi Efforte musse mer bäibehalen, esouguer ausbauen.

Et ginn och ëmmer erëm Stëmmen haart, déi gär hätten, dass mer eis Sprooch vun der EU sollen unerkenne loossen.

Claude Adam: Wat géing dat heeschen? Datt d’EU déi ganz EU-Legislatioun misst op Lëtzebuergesch iwwersetzen? De Käschtepunkt wier enorm fir eppes, wat mer selwer net géingen notzen.  Mir mussen net vun der EU bestätegt kréien, dass Lëtzebuergesch eis Sprooch ass!

Dem Claude Adam seng Chamberried zur Sprooch:

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don