22. Januar 2025
Parlamentaresch Fro vun eiser Députéierten Joëlle Welfring iwwert d’Konsequenze vun der Blozongekrankheet un d’Madamm Ministerin fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau .
An engem Pressecommuniqué vum 29. Oktober 2024 huet d’Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) matgedeelt, dass d’Blozongekrankheet säit dem 1. August 2024 a 488 Betriber nogewise gouf, an dass 1380 Déieren, dorënner 1228 Ranner, positiv op d’Krankheet getest goufen. D’Madamm Ministerin huet och informéiert, dass d’Stierflechkeet bei Ranner a Schof sech an der 43ter Kalennerwoch (21.10-27.10) rëm um Niveau vum Virjoer agependelt hätt.
D’Stierflechkeet ass awer just eng Auswierkung vun dëser Krankheet, an d’Repercussioune vun der Blozongekrankheet sinn och nach haut a ville Betriber ze spieren.
Eisen Informatiounen no hunn de Moment vill Betriber am Beräich vun der Mëllechproduktioun an der Rannerzuucht ze kämpfe mat Feelgebuerten, Feelbildungen an neurologesche Problemer bei Kaalwer déi zur Euthanasie féieren, wéi och mat Problemer bei der Trächtegkeet vun de Mammekéi. Wéi grouss d’finanziell Schied si wäert sech iwwert déi nächst Méint a Jore weisen, mee de Risiko besteet, dass des Auswierkunge vun der Blozongekrankheet negativ Repercussiounen op d’Mëllechproduktioun, d’Zuucht an d’Fleeschproduktioun wäert hunn.
D’ALVA huet am August 2024 e Formulaire zur Meldung vun anormaler Mortalitéit am Zesummenhang mat der Blozongekrankeet verfaasst, fir esou eng besser Iwwersiicht ze kréien.
An hirer Äntwert op d’QP n°1108 huet d’Madamm Ministerin erkläert, dass fir de Moment weder eng eenzelbetriblech nach eng global offiziell Analys iwwert d’Schied, déi duerch d‘Blozongekrankeet entstane sinn, virläit. An hirer Äntwert op d’QP n°1218 huet d’Madamm Ministerin weiderhi gesot, dass „vu dass de Servicer vum Landwirtschaftsministère keng fiabel offiziell Zuelen iwwert d’Verloschter vun de Betriber am Zesummenhang mat der Blozongekrankheet virleien“ et de Moment ze fréi wier „fir schonn eng Ausso iwwert eng eventuell Entschiedegung ze maachen“. Si huet erkläert dass de Ministère awer derbäi wier déi diesbezüglech Méiglechkeeten ze analyséieren an och d’Situatioun am noen Ausland ze suivéieren.
An dësem Kontext erlaben ech mer et follgend Froen un d’Madamm Ministerin ze stellen :