Juegd: 3 Froen un de François Benoy

Interview

5. Juli 2019

Firwat brauche mer d’Juegd?

Eis Natur an eis Bëscher sinn duerch de Mënsch aus dem Gläichgewiicht geroden. Zanter dass mer keng grouss natierlech Feinden ewéi de Wollef méi am Land hunn, an och keng Narungsengpäss méi virkomme wëll d’Wantere manner kal sinn an d’Déiere sech ënner anerem um Mais kënnen zervéieren, fënnt keng natierlech Selektioun méi statt. Dat villt Wëld – virun allem Wëllschwäin a Réi – mécht vill Schued an der Natur, an och bei eise Baueren op de Felder, an dofir musse mer mat der Juegd agräifen. Mir setzen eis fir eng nohalteg Juegd an, déi am Respekt vum Natur- an Déiereschutz steet, an net eng onreglementéiert Spaassjuegd. Well den Alkoholkonsum wärend dem Benotze vun enger Waff net reglementéiert ass, soll heifir ee Maximaltaux vun 0,5 Promille fir Bluttalkohol agefouert ginn.

Wat fir Mesure kënnen da geholl gi fir d’Juegd méi nohalteg an déierfrendlech ze gestalten?

Lëtzebuerg huet schonn eng vun de modernste Gesetzgebungen an Europa wat d’Juegd ugeet. Fir d’Déieren esou wéineg wéi méiglech ënner Stress ze setzen, ka se awer nach verbessert ginn. D’Dréckjuegd zum Beispill ass eng Alternativ mat manner Impakt wéi eng Klappjuegd. Hei ginn d’Déieren net mat vill Kaméidi an Hënn gehetzt, mee et komme just Hënn an den Asaz, déi d“Wëld un hirem Geroch opspieren. Sou gëtt assuréiert, dass d’Wëld net a Panik fortleeft, an de Risk vu Fehlschëss gëtt ganz kleng. Mee och bei der Ausbildung vun de Jeeër kënne mer beispillsweis duerch Schéisstraining nach nobesseren.

A wat ass mat der Juegd an der Zone blanche dës Woch?

D’Juegd op Wëllschwäin an der Zone blanche un der belscher Grenz ass eng Juegd déi als reng sanitär Moossnam organiséiert gëtt. Sou soll verhënnert ginn, dass d’afrikanesch Schwéngspescht op Lëtzebuerg kënnt. Dës Juegd gëtt als Dréckjuegd organiséiert, fir d’Déieren esou wéineg wéi méiglech ënner Drock ze setzen an anert Wëld net ze stéieren.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don