2. Juli 2024
Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert d’Iwwergangsfinanzéierung fir de Luxembourg Science Center un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
An der rezenter Vergaangenheet waren Irregularitéite beim Luxembourg Science Center (LSC), souwuel an der Gouvernance wéi beim Ëmgank mat ëffentleche Suen, direkt e puer mol Géigestand vun Artikelen an der Press an och vu parlamentaresche Froen.
Am Abrëll 2023 huet de Bildungsministère d’Konventioun mam LSC gekënnegt. Den 11. Abrëll 2023 huet den Här Minister op eng parlamentaresch Fro ënnert anerem dëst geäntwert: “Aus dësem Grond huet den Educatiounsministère de Membere vum Verwaltungsrot vum LSC den 10. September 2022 matgedeelt, datt eng weider Zesummenaarbecht nëmmen ënnert follgende Konditioune méiglech wier:
Keen Interessekonflikt méi um Niveau vum President vum Verwaltungsrot;
Opléise vun de Relatiounen tëscht dem Science Center an der Societéit, déi dem President vum Verwaltungsrot gehéiert;
Kloerstellen, datt d’Propriétés intellectuelles vun de Konzepter a Statioune beim Science Center leien;
Presenz vum Staat an der Gouvernance-Struktur vum Science Center.
Fir déi néideg Ännerungen ze begleeden an zum Ofschloss ze bréngen, krut den LSC eng Iwwergangskonventioun bis Abrëll 2024. Laut engem Presseartikel aus dem Mäerz 2024 gouf dëse Finanzement an der Tëschenzäit verlängert, well den LSC net fäeg oder net gewëllt war, den ursprénglechen Zäitplang anzehalen. Déi verlängert Konventioun wäert eisen Informatiounen no Mëtt Juni auslafen. An dem selwechte Presseartikel aus dem Mäerz 2024 ass och ze liesen, dass den LSC zu deem Zäitpunkt nach keng vun den uewe genannte grondsätzleche Fuerderunge vum Ministère erfëllt hat.
Am Kader vun enger Froestonn an der Chamber huet den Här Minister Ufank Mäerz gesot, dass de Ministère zum Schluss komm wier, dass d’Ëmsetzung vun de Fuerderunge méi Zäit an Usproch wäert huelen, wéi ursprénglech geduecht. Dofir wier de Minister bereet gewiescht, d’Iwwergangskonventioun “kuerzzäiteg” ze verlängeren, bis en Audit virläit deen op d’Finanzementer an d’Leeschtungen, déi op staatlecher Säit nach sollten honoréiert ginn, an d’Ëmsetzung vun de scho genannten Ännerungen ageet.
An dësem Kontext erlaben ech mer et follgend Froen un den Här Minister ze stellen :