Inzenéiert Empörung amplaz Mataarbecht am Sënn vum Fortschrëtt

Communiqué de presse

9. Juli 2019

Am Ufank vun der ëffentlecher Sitzung huet d’CSV de Mëtteg eng Ännerung vum Ordre du jour verlaangt. Kuerzfristeg wollt si e Punkt op den Ordre du jour setzen iwwert d’Datebanke vu Police a Parquet. Dëst ouni trëftege Grond an ouni neit Element zanter der leschter Conférence des présidents!

Als Rappell: Den Ordre du jour gëtt virun enger Sëtzungswoch vun der Conférence des présidents festgeluecht. Am Kader vun der Conférence des présidents huet d’CSV awer keng Demande gestallt, weder fir eng Aktualitéitsstonn nach fir soss eng Form vun Debatt.

D’Verloosse vum Sëtzungssall ass en neien Déifpunkt vun der politescher Kultur am Lëtzebuerger Parlament. Ëmmerhin diskutéiert d’Chamber haut ë.a. iwwert den nationale Plang vun der nohalteger Entwécklung zu Lëtzebuerg.

Dëst Verhale weist, datt et der CSV an der ganzer Oppositioun eenzeg an eleng em parteipolitescht Geplänkels geet amplaz ëm d’Saach. Si leescht der politescher Kultur vum Land domadder keen Déngscht. Ganz am Géigendeel.

D’Majoritéitsparteien, d’Chamber an och d’Regierung hunn den Dossier vun de Datebanke vun Ufank u ganz eescht geholl. Dat weist déi scho geleeschten Aarbecht an den zoustännege Kommissioune vun der Chamber, an deenen déi zoustänneg Ministere Ried an Äntwert stoungen a beméit waren zesumme mat der Chamber Solutiounen auszeschaffen. Och an Zukunft sinn déi zoustänneg Ministere prett zu all Moment an d’Chamber ze kommen.

D’Majoritéit ass ëm voll Transparenz beméit. Esou gouf de komplette Verbatim vun de Sëtzunge vun den zoustännege Chamberkommissiounen iwwert d’Datebanke publizéiert a fir all Bierger zougänglech gemaach. Et ass och proposéiert ginn, gemeinsam mat den Oppositiounsparteien eng Gesetzesvirschlag auszeschaffen, fir den Ëmgang mat den Datebanke kloer ze reegelen. Dëst konform zu den Dateschutzgesetzer vun 2018.

Matgedeelt vun de Fraktiounen DP, LSAP a déi Gréng.

Lëtzebuerg, den 9. Juli 2019

Pressematdeelung

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don