30. Mai 2024
Äntwert op déi urgent parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert d’Informatiounen am Courrier zu der Bréifwal un den Här Inneminister weiderzeleeden.
Zanter der leschter Woch ginn d’Courriere fir d’Bréifwal un d’Bierger:inne geschéckt, déi sech fir d’Europawale vum 9. Juni 2024 fir d’Bréifwal ageschriwwen hunn.
De Courrier beinhalt nieft dem Stëmmziedel an den Enveloppë fir de Retour och déi individuell Convocatioun, wéi och en Dokument mat Erklärunge fir d’Bréifwal richteg zeréckzeschécken. D’Dokument, op deem erkläert gëtt, wéivill Stëmmen ee ka verginn a wéi ee richteg wielt schéngt a munche Gemengen awer net deel vum Envoi ze sinn. Wien niewt senger Convocatioun just d’Dokument “Prozedur fir d’Bréifwal” matgeschéckt krut, huet also net all d’Informatiounen déi noutwendeg sinn fir de Stëmmziedel richteg auszefëllen, schlëmmer nach, d’Piktogramme suggeréieren esouguer, dass ee just 5 Kräizer dierf maachen.
An dësem Kontext erlaben ech mer et follgend Froen un den Här Minister ze stellen :